Bei deenen 2 éischten gefält mer den Opbau net sou ganz. Kéint bei 1 méi streng sinn, an bei 2 sinn ech iwwerfuerdert, weess net wou ech soll hikucken.
3 gefält mer awer zimlech gutt, hues eng flott Luucht do.
den dengens as dat ech barcelona sou wollt festhaalen wei ech et eben gesin hun; barcelona as net streng, heinsdo iwwerfuerdernd an heinsdo och roueg an eben sou faarweg an kunterbunt. merci
flott Opnahmen.
bei der 1. fannen ech et e bessen schued dat se kippt, dat kent awer dohier dat's du net richt vis a vis vum Haus stoungs, awer deng vertikal Linen sin gud.
dei 2. gefällt mir am beschten, eng flott vue an der Sagrada, eben esou ewei een se geseit
dei 3. as flott weint der Luucht, sprecht mech awer net un.