Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vill Fluchverkéier ...

 
Vill Fluchverkéier ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (23.11.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.11.2012
  • Gekuckt:
    21352
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x400
  • Späicherplaz:
    345 KB
  • Originaldatum:
    07.10.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68627]
Kommentar vum Fotograf:
Traffic Info: Vill Fluchverkéier um Wéiher. Den Fëschadler an den Aisvull sinn zu Remerschen um Wéiher baal aneneen geknuppt. Duerch déi schnell Réaktioun vum Fëschadler konnt awer eng Frontalkollisioun verhënnert ginn.

Ech muss zouginn dass ech selwer gestaunt hunn dass den Aisvull och mat ob den Biller woar. Wéi ech d'Foto gemach hun woar ët mer nët obgefall.
petz65 23.11.2012 - 10:09
Do ass jo decke Traffik smile
Gut erwescht!
Schluck 23.11.2012 - 11:30
Ech hat den Aisvull wéi ech d'Bild gemach hunn mol nët gesinn .. ech hun der zwou wou ën sou drop ass .. Merci Mr Petz
micky-maus 23.11.2012 - 12:18
Elo fehlt nach den Eisvull bei der Philharmonie...tongue
Cool Foto, Schluck
Schluck 23.11.2012 - 14:58
Ech hunn nach souvill schein Biller vun dem Adler ...

Héi sinn der nach ee puer déi speziell sinn an déi ech wollt wéisen, dorënner virun allem déi héi. Wat mech lo ee bëssen wonnert ass, dass se lo schon baal 200x gekuckt ginn ass an just 3 Kommentaren .. sou gutt schengt se dann awer nët unzekommen

Sou oft huet den dach een Fëschadler an een Aisvull am Fluch ob engem Bild dach nach nët gesinn confused
gogo 23.11.2012 - 13:20
Gefaellt mer, den Iwweraschungsgaascht gett der Foto nach e klénge Fuerfkleks a mescht se nach méi interessant. Gesäit op den éischte Bléck bëssi no engem Duel aus, wou gläich keen Äisvull mi do ass bigsmile
Schluck 23.11.2012 - 15:00
Jo , den Blo-rouden Fleck ass ob dem Bild héi d'Kiischt um Kuch ... keng Angscht .. den Fëschadler huet ën sech (leider) nët gecroopt... dat wieren spektakulär Biller ginn
Abacab 23.11.2012 - 18:00
Zwee esou rar Elementer mateneen op eng Foto ze kréien... mengen dat gelengt awer och just där closed_eye Stark di Foto do!
Schluck 23.11.2012 - 18:44
Jo, wei gesoot ... dat woar einfach Chance .. mir ass ët erreicht ee puer Deeg durno beim aussortéieren obgefall. Wann ech ët gemierkt gehaat hät. dan Hät ech d'Blend nach méi zou gemach dass se allenzwee scharf sinn
Schluck 23.11.2012 - 19:08
Wëll ech dat iwwert PN gefroot ginn sinn: Dat Bild ass echt an keen Montage! Ech hunn der souguer zwou esou an ech weisen gaeren jiddrengem den RAW den ët nët wëll gléwwen.

Hei ass och dat Bild durno ..



Bei der eischter ass den Aisvull nach ee bëssen méi scharf
BigVood 23.11.2012 - 19:12
smile Ech si bekéiert a gleewen et! smile
Schluck 23.11.2012 - 19:17
Ma ech hunn mer schon geduercht dass ee dat villeicht geng Denken .. Ech hunn ët lo just héieren knuppen .. dat woar bestëmmt déin Kënn closed_eye.. sou ech ginn lo mol an den Atlelier Gojira knippsen
Kalaharimike 23.11.2012 - 19:31
Déi gefällt mir richteg gudd. Wou war daat do?
Schluck 23.11.2012 - 20:48
Dat woar zu Remerschen ob den Baggerwéiheren
Scyv76 23.11.2012 - 19:26
Ha, dei ass wiirklech genial, do hues de bestemmt missen 3 mool kucken bis der daat opgefall ass... am fong konzentréiert sech de Bleck op den méi groussen "Objet" deen eigentlech och nach vun der idealer "Liesrichtung" vun Lenks no riets kennt. Mee den Eisvull ass kiicht um Kuch, schon elleng well en duech seng Faarwen en eigentlech faarwenaarmt Bild immens opwert...genial !!!
Schluck 23.11.2012 - 20:49
Eng Woch durno, beim aussortéieren hunn ech et gemierkt ... an do woa ech och Baff ... wollt se schon méi lang posten mais hat se nët méi um Laptop
Nicon07 23.11.2012 - 19:29
Wou soutz du dann do genee? Awer net an engem vun deenen hëlzenen Aussichtshaisercher???? Hues du eng Tente d'affût, wéi dat sou schéin op lëtzebuergesch gesot gëtt? Oder méchs du déng Biller sou "en passant": " Hei do, hop, dat ass jo flott..." an da knips! closed_eye
Schluck 23.11.2012 - 20:51
Nee, nët an den Häiserscher ... do gesäiss de den do net sou gutt.. En passant jo wéi ech ën fir d'eischt gesinn hunn ... herno wou ech woust wou een wier woar ët einfach
Conley 23.11.2012 - 20:27
Ech fannen di....do einfach nëmmen Top Schluck.
Schluck 23.11.2012 - 20:51
Merci Conley, dat freet mech!
Jeanny 25.11.2012 - 07:24
an du hues et wonnerbar mat denger Kamera festgehalen Schluck
Schluck 26.11.2012 - 10:27
Do woar ganz vill Chance dobéi .. Mercu Jeanny
hardae 25.11.2012 - 08:55
Flott Schluck, de richtege Moment op der richteger platz smile
Schluck 26.11.2012 - 10:27
Merci Hary, jo dat muss och heinsdo sinn
Jacques 26.11.2012 - 05:00
Dei ass der wierklech gudd gelongen Schlucksmile
Schluck 26.11.2012 - 10:27
Villmols merci Jacques

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 620 Gäscht online