Moien Joé. D'Motiv ass interessant (eng Band emmerhin ) an d'Plaatz ass menger Meenung no och gudd gewielt. Ech erlaabe mer just der desen Tipp ze gin: Fir dass déi eenzel Persounen besser erausstiechen, géing ech selektiv, punktuell mat Blëtzluuchten beliichten. Elo hun se all déi selwecht Hellegkeet wéi d'Gebai, waat d'Band net erauspoppe léist.
Wanns de oppass op waat deng eegen Aën higezun gin, dann stells de wahrscheinlech séier fest, dass et déi hellste Plaatz heim am Bild ass, also teschend deene 2 Persounen ganz lenks am Bild...waat jo awer net dain Sujet ass.
Dann géing ech nach déi komesch Zalot aus dem Bild operéieren, daat lenkt just oof ... fertig.