Wat huet deen konschtvoll iwwertenee geluechte Plommen um Flillék. Sou wi Daachleeën! An dann di Transparenz op deem aanere Flillék, deen d'Waasser beréiert. Et ass immens, wat d'Natur fir verschwenderesch Iddien huet, fir d'Polyvalenz vun de Liewensformen. Gudd, datt mir haut d'Fotografie hun a Leit, déi mat Leidenschaft d'Schéinheet vun de Wierker vun der Natur a vum Liewen opsichen a festhaalen.
Merci einfach mol eng Kéier fir alleguerten di schéi Fotoen, vun dir, Schluck, awer och vun all deenen aaneren hei, déi di selwécht Pasioun deelen.
Jo d'Natur ass nach ëmmer den beschten Ingenieur/Architekt an brengt immens Formen an Strukturen erfier.
Merci Nico fir deng léif Wierder, hunn ee bëssen d'Gefill wéi wann sou Biller ëmmer manner beléift sinn héi dofur sinn deng Zéilen ee bëssen Balsam fir meng Séil.