Jo, ech bewonneren sou Léit déi och een Ae fir esou Saachen hunn, ech sinn do nach nët sou wéit ... mais ët kann een ëmmer beiléieren ... am Unfank hunn ech vill vun dengen Biller och nie verstanen ... mais sou lues klappt ët awer ob mannst beim zweeten Bléck
Am Fong geholl, Schluck,
sin ech kee Fotograf.
Ech weess zwar wéi ee misst knipsen,
mais dat interesséiert mech net terribel.
Ech kucken d'Welt a probéieren
dat ze dokumentéieren wat ech gesin
a wéi ech dat gesin.
Au Contraire ... grad déi nët sou Offfensichtlech Saachen, fir déi festzehaalen ass eng Konscht. Ech hunn och een vun eisen Concertsfotographen .. den weist mer no der Band ëmmer déi onméiglechst Détailer (Mannercher un den Drumkits, Extravagant Brochen usw.) dann kann ech ëmmer nëmmen staunen dass ech sou Saachen nach ëmmer iwwersinn.
Dat hänkt dervun of wéi een d'Welt gesäit, Schluck.
Gottseidank gesäit gidfereen se e bëssen anischt.
A genau dat ass 1 vu villen Avantagen op PG:
mir sin hei am Kino.
Allerdengs, do hues Du Recht, ech hun elo an dengem Profil gekuckt, Du bass wierklech 2 Joer méi aal wéi ech...ech gin mer dann Méih am Joer 2013 e bessen méi abstrakt ze denken.