Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Fraa

 
Eng Fraa
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.01.2013
  • Gekuckt:
    11593
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    Hdr
  • Blend:
    f/16mm
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    683x1024
  • Späicherplaz:
    225 KB
  • Originaldatum:
    01-13
  • Fotoapparat:
    1dx
  • Programm:
  • Objektiv:
    16-34
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69794]
Kommentar vum Fotograf:
Je sais enfin pourquoi
Ma poupée est malade.

Chaque nuit, en cachette,
Elle fait sa toilette

Et court au bal masqué
Où les pierrots poudrés

Et les polichinelles
Ne dansent qu'avec elle.

C'est un chat du quartier
Qui me l'a raconté !

Et moi qui la soignais
Au thé de serpolet !

"C'est bien, Mademoiselle
Avec une ficelle,

Je vous lierai, la nuit,
Au pied de votre lit."
gi87 09.01.2013 - 22:32
Excenllent Gennaro, den Opbau, d'Ausstrahlung, Verabeschtung, Einfach Herrlech ! Schnei nees eppes vun Dir ze gesin smile
gtaddei1 09.01.2013 - 22:53
Thx villmols. Eng rezent foto . Ech hun dei och am
Carré gekroppt ouni de liichtpunkt hannert der fenster.
gi87 09.01.2013 - 22:57
Aha, wär och mol Interessant ze gesin weise wiekt !
gtaddei1 10.01.2013 - 12:56
Mei mat kraft
Jean-Jos 09.01.2013 - 22:48
Mais oui Gennaro, elle a le spleen, et j'ai peur qu'elle a une consommation de vin légèrement exagérée en la voyant avec le tire-bouchon à la main smile

Ganz flott dat doten, top, wéi's de d'Luucht baussen kanaliséiert hues (wann ech dat emol sou däerf nennen).
gtaddei1 09.01.2013 - 22:51
Merci .
Nee net den etoh (ethylalc) den tirebouchon heescht eppes aneschters.
Une fille avec un corps deen geploschtert ass. Wien wees wei sein Geescht ass!
Hehe
Zora 09.01.2013 - 23:22
Ich mag es nicht, in diesem alten verlassenen Haus umher zu gehen
Halt meine Hand, ich geh ein Stück mit dir, meine Liebe
Die Stufen knarzen, wenn ich schlafe, sie halten mich wach
Auf diese Art sagt das Haus dir, du sollst die Augen schließen
An manchen Tagen kann ich mir nicht einmal selbst trauen
Es bringt mich um dich so zu sehen
Denn auch wenn die Wahrheit nicht immer dieselbe bleibt
Wird dieses Schiff unsere Körper sicher zum Festland tragen
gtaddei1 10.01.2013 - 12:55
Merci Zora... ech haalen desen text fest
mischii 09.01.2013 - 23:34
klengt pessimistesch,
ass awer gudd endeckt a realiséiert
"d'Fraa" ass menger Meenung no meeschtens net esou, soll lo net direkt feministesch geduecht sinn, an ech waarden dann mol nach op e puer Kommentaren vu weiblechen Useren,
sorry Gennaro, ech hun den Titel gesinn, duerno d'Bild, an dun hun ech mir Froe gestallt!!
et wär lo interessant den Titel ëmzedréien an en Tip dohin ze setzen closed_eye

bon d'Bild rifft mol nees Emotiounen erviir, an ech hun alt mol erëm missten de Baak opräissen!! closed_eye
sorry, den Titel gefällt mir hei einfach net, dat ass éischter Psychiatrie, mee net Fraa,
sou eppes deet enger Fraa awer wéi
gtaddei1 10.01.2013 - 12:55
Meng intentioun woor am fong waat ech an de Wieder gesoot hun... en Aart oofnotzung vun der Fra duerch sech selwer ... an dei Falsch ... absolut falsch Hoffnung vum Mann se wellen ze schuetzen geint der Ausnotzung vun Aaneren Maenner. Am Fong kennen mir kén unstrecken och wann et geschitt...

Et ass eng oprescht Popp... voller Ploschteren mat engem Formellen Ausdrock awer verdreemten Aan... Den Tirebouchon huet eng Symbolesch Bedeitung ...
D'Fraa als Titel ass banal, mé et ass mir neischt aneschters agefall
Wei gesaist du dann daat
mischii 10.01.2013 - 14:17
wanns Du elo aus dem bestëmmten Artikel en onbestëmmte mechs da sinn ech d'accord,
"eng Fra" ass besser, aanescht gesait et aus wéi wann et Definitioun vun Der Fra wier
ech si vläicht och e bessen ze vill susceptibel
gtaddei1 10.01.2013 - 21:05
Du hues vollkommen recht
mischii 11.01.2013 - 00:10
Lo ass alles ok an ech sinn zefridden a berouegt closed_eye
Schluck 10.01.2013 - 01:30
Speciel Gennaro ... déi do muss een fir d'eischt emol verdauen .. Phototechnech natiirlech "vom Feinsten"
gtaddei1 10.01.2013 - 12:50
Oh, verdauen ? Nö ... einfach kucken smile
Schluck 10.01.2013 - 12:58
Merci Gennaro .. ech hunn elo gutt gelaacht !! bigsmile
gtaddei1 10.01.2013 - 13:00
smile
Jeanny 10.01.2013 - 08:51
ech hoffen du hues se net eleng do zeréck geloosssmile
eng wonnerbar Idee an Ëmsetzung Gennaro
gtaddei1 10.01.2013 - 12:50
Nee ech hun dei nees dohinner glelued , Jeanny, ...
Miau 10.01.2013 - 20:25
"femme ou pantin"? gefällt mir gudd Gennaro,
gtaddei1 10.01.2013 - 21:06
femme pantin... ?
Scyv76 10.01.2013 - 21:06
Déi ass immens flott, eng düster Stemmung an aawer schéin beliicht mat der Luucht déi vun baussen kennt. Haat als éicht geduecht et wiir eng Persoun, mee dann wiir se nodréichlech wahrscheinlech séier duech Zensur gefall :-smile
gtaddei1 10.01.2013 - 21:09
Jo mee wou ass d'Differenz tesch realiteit an Pëtonguepchen punkto Zensur?... Eng Foto vun enger Plakescher Fra ass och Irreel ... oder? smile
Scyv76 10.01.2013 - 21:34
Ma do hues de recht, an och eng plaakesch Popp kéint vun Léit als "anstössig" ugesin gin smile
Jacques 11.01.2013 - 09:24
Eng wonnerbar Foto wou fir mech perseinlech alles stëmmt!!
gtaddei1 13.01.2013 - 23:44
Merci villmools
Pixelman 11.01.2013 - 13:50
Fotografesch ass déi Zén absolut gelongen. Den Titel féiert zu engem Steitgespréich, zurecht fannen ech: eng Fraa ass keng Pop.
Ouni elo d'Aussoo vun där Opnahm klengzerieden, mengen ech:
matt engem richtegen Model geif hei bestëmmt eng schéin Harmonie opkommen, mä op deser Plaaz ass daat bis elo leider net machbar.
gtaddei1 13.01.2013 - 23:44
Eng fraa ass , war an waert nie eng popp sin! Ganz. Kloer!
Mee et ass jo net mei dFraa mee eng fraa!
Daat ass en fundamentalen ennrscheed.
D'wieder dei ech dobai geschriwen hun , seet waat ech mengen.
Merci villmools smile
Pixelman 14.01.2013 - 11:00
smile
Shantideva 20.01.2013 - 12:05
D'Foto kennen ech jo, an ech brauch jo näischt méi doriwwer ze schreiwen, dat weess du schonn. closed_eye Ech fannen et awer interessant wéi's du dat ganzt hei presentéiert hues. Ech hätt se besser fonnt ouni Titel an ouni Kommentar. Dann hätt jo jiddereen sech kéinten seng eegen Meenung maachen vun enger Foto déi sou schonn expressiv genuch ass. Du hues hei den Kommentar benotzt fir dech ze expriméieren an net d'Foto, sou dass den Text eigentlech méi Gewiicht an der Ausso kritt wéi d'Foto, an den Titel zu Kontroversen leed. Wann dat deng Absicht war, dann fannen ech dat gutt. Ech hunn jo och elo een Joer meng Fotoen gebraucht fir Texter ze illustréieren, wou d'Foto un sech e Mëttel zum Zweck war. Mir sinn awer op engem Site iwwert Fotografie an vun dohier felicitéieren ech dir fir déi fir mech ganz gelongen Opnahm an Veraarbechtung. smile
gtaddei1 22.01.2013 - 14:02
Merci shanti...
Daat mamm Text hueste recht...
Et ass am Fong d'Foto den Zentralen Punkt... ganz banal waat ech soen.
Emmerhin, et ass jo och Kommentarer op der Foto komm am Zusammenhang mamm Text (cf Mischi asw)
Mee du hues natiirlech Recht daat mamm Titel an Text... Firwaat net just d'Foto schwaetzen doen ... wann se expressiv genuch ass dann brauch se jo kén Text! wellse dann eng Autonom Existenz kritt , an oft duerch seng Aus-so leisst se jo dem Zuschauer net weider Plaatz fir iwert des ze subjektiviseieiren.
Villmools merci! Et as eng Eieir

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 480 Gäscht online