eng Jongméif beim Start :o)
Ech hun leider am Moment net vill Zait, hu vill ze din op der Aarbecht a kuken och nach gaer e bessen Fussball, no der WM sin ech erem méi présent, versprach ;o))
Ech hoffen emol, well esou genial Saachen kanns de eis dach net fiirenthaalen Du woars alt erem eng Kéier zur richtecher Zäit um Drecker. De flotten gielen Deel HG hannert der Méif ass natiirlech top. An den Waasseroptupser den Teppelchen um i. Sublimissimo. Get eng 8 komma siwen
Een Château Naturknipser Grand Premier Cru, wann ech gelifft. Dat do muss mol een dir nomaachen. Vu mir kriss du dann nach di 0,3, mat deenen den elmuzo knéckt derbäi!
Mega Foto. Den Wassertupser as super an mir gefällt och den Schied vun der Möwe um Sand, déi dräieckeg Form. An deen Blo-Gielen-Farw-Kontrast. Einfach super!!!
Den Moment ass gudd, mee daat ass an mengen Aen net genuch vir eng TOP Foto ze sin. Ech geif se eimfach eng gudd Foto nennen, du hues nämlech schon Fotoen ropgelueden dei daitlech besser sin an mengen Aen.
Waat mech lo stéiert ass zB den Bildopbau, daat nemmen halleft Boot do uewen am Bild an den Sujet ass menger Meenung no e bessen ze hell, mee verlooss dech do net op meng Aussoo, well ech hun daat Gefill wei wann ech Fotoen am Allgemengen bessi mei daichter well hun wei dei aaner Leit