Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

am Schnéistuerm

 
am Schnéistuerm
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (09.02.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.02.2013
  • Gekuckt:
    14331
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    44 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    316 KB
  • Originaldatum:
    2013:02:06 12:05:48
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70394]
Kommentar vum Fotograf:
Hei hunn ech probéiert mat enger High-Key-Veraarbechtung d'Impressioun vu "Schnéi iwwerall" nach ze verstäerken.

No deene villen Ureegungen, fir um Cadrage ze schaffen, hei dann eng aner Versioun: Bam eleng an am Carré.
Northeric 06.02.2013 - 19:19
De Bam als Sujet gefaellt mer immens gudd, de Rescht lenkt mech e bessen of. Denken de Bam alleng geif mer dofir besser gefalen, den High-Key kennt gudd.
jorsch 08.02.2013 - 17:09
Merci Northeric fir däi Kommentar an deng Iwwerleeungen.
De Bal eleng fanne ech e bëssen ze wéineg. Natierlech entsteet eng gewësse Spannung tëschent demlénken Eck an dem Bam, mä dat mécht a mengen Aen d'Bild méi interessant.
Maimonides 06.02.2013 - 20:29
Mat nëmmen e puer Grotéin, jorsch,
weis du hei eng diskret sensibel Skizz
vun enger ganzer Lanfschaft.
Mir gefält di do esou wi se ass.
jorsch 08.02.2013 - 17:09
Merci Maimonides, fir de léiwe Kommentar an de Fav.!
gi87 06.02.2013 - 22:37
Dei ass Herrlech, simpel an awa esou flott ! Super geschaff !
jorsch 08.02.2013 - 17:10
En duebele Merci gi87!
Freet mech wann se dir gefält!
gi87 09.02.2013 - 00:05
Hun mesh grad gefrot wanste se am Portrait just mam Baam gekroppt häss weise dann gewiekt hätt smile
jorsch 09.02.2013 - 12:39
Merci fir d'Iwwerleeung!
Muss mol verschidde Versiounen ausprobéieren fir ze gesinn.
gi87 10.02.2013 - 14:43
Gefällt ma immens jorsch !
Abacab 07.02.2013 - 01:19
Gefält mer och gutt! esou ewéi se ass!
jorsch 08.02.2013 - 17:10
Merci Abacab, dat freet mech.
Jacques 07.02.2013 - 04:59
Net zevill an net ze wéinech!
Eng ganz schéin Foto Jorsch.
jorsch 08.02.2013 - 17:11
Schéi wa se dir gefält Jacques! 2x Merci!
Jeanny 07.02.2013 - 07:43
gefält mir ganz gutt jorsch
jorsch 08.02.2013 - 17:11
Freet mech Jeanny!
Fennec 07.02.2013 - 16:11
dei fannen ech super, tiptop, an nach genuch Zeechnung dran smile
jorsch 08.02.2013 - 17:12
Merci Fennec, fir de Kommentar an de Fav.!
Conley 07.02.2013 - 21:27
Deen Bam verleet een schonn esou wéi e gewuess ass en lenks an Bild ze setzen. Mee do war bestëmmt eppes wat gestéiert huet...Trotzdem eng Wonnerschéinen High-Key-Veraarbechtung wou den Schnei queesch duerch Bild geblosen gëtt.
jorsch 08.02.2013 - 17:19
Merci Conley, fir däi Kommentar an deng Iwwerleeungen.
Um Ausschnëtt war net vill ze maachen. Ech hu fir un allem mussen am Wandschied bleiwen, soss hätt de Schnéi mäin Objektiv zougedeckt. D'Sonneblend war hei eng Schnéiblend ginn.
Allerdings ass den Hannergrond elo esou einfach, datt ech d'Foto problemlos manipuléieren, spigelen, de Bam selektiv ëmdréinen etc ... kéint. Dat wier eng Iddi fir nach e bësse méi aus dem Bild erauszehuelen. Mol kucken...
Dat hei ass jiddefalls d'Opnahm an der Originalsituatioun.
mischii 08.02.2013 - 23:40
schéin esou, de Baam eleng ouni de lenken Deel, géif mir nach besser gefaalen
jorsch 09.02.2013 - 12:38
Merci mischii!
Ech mengen, ech muss mol verschidde Versiounen ausprobéieren fir ze gesinn. Technesch misst dat jo zimlech einfach sinn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 514 Gäscht online