Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Art contemplatif

 
Art contemplatif
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.02.2013
  • Gekuckt:
    18305
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/20 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    4.8 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    599x800
  • Späicherplaz:
    206 KB
  • Originaldatum:
    2013:02:09 23:35:27
  • Fotoapparat:
    DMC-FZ38
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Misc
2. Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70470]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Statue déi versonk ass an d'Betruechtung vun dem Tablo _ sou ass et mir opgefall am Centre Pompidou Metz.
Leider weess ech net wien de sculpteur ass, mee ech fannen säi Wierk ganz gelongen.
gtaddei1 10.02.2013 - 00:38
Ekzellent gesinn
Erlaab mir awer eng kleng Kritik... Haesste dech e bessi mei vun der Statue gestallt dann haesste daat selwescht kritt awer mamm ganzen tableau an mat manner Waiss op der Rietster Sait vum Cadrage
luxiline 10.02.2013 - 00:49
jo, elo wann ech dat sou kucken, ginn ech dir Recht, mee wéi ech d'Photo geholl hunn hat ech den Tableau express geschnidden. Ech wollt doduerch den Akzent méi op d'Statu leeën, an net oflenken duerch den Tableau.
Merci fir däin interessante Kommentar!
gtaddei1 11.02.2013 - 00:40
Mee d'Statu kuckt eppes ... dann ass et mei un dir den richteschen Wenkel ze fannen fir dass d'Foto esou dynamesch get ewei meiglesch... Et ass schon wichtesch en Equilibre Visuel ze hun...

Ouni dass meng Besser soll sin ewei deng ... mé et ass daat waat ech mengen
Konditioneierten Choix
luxiline 11.02.2013 - 02:43
Déng ass ganz interessant! Ech kënnt jo probéieren bei ménger Foto en aneren Tableau dohinner ze hänken. D'Wand misst ech kënnen no lénks vergréisseren a rechts kroppen. Mol kucken wann ech Zäit kréien ...
gtaddei1 12.02.2013 - 01:01
Né ! Maach nächst Keier aneschters ... Kreativ sinn , kucken , Bewegen ! an Fehleren maachen ... du waerst gesinn an e weinech Zait hueste Wochefotoen ...
luxiline 12.02.2013 - 22:19
oh, dat ass gutt dass du mir e bësse Courage méchs! Ech hat schonn iwwerluegt ob ech net falsch sinn hei, ech gesinn dass déi meescht hei vill méi wäit sinn an och besser Material hunn.
Mä ech ka jo mol mech inspiréiere loossen. closed_eye
gtaddei1 12.02.2013 - 22:42
Hop oppop... Alles kennt mat der Zäit!!!
Waat d'Kritik méi haart ass waat fir dech mei konstruktiv keint sin... du muss jo net alles akzepteiren mé Dialektik muss sin!

PErsévérance , wannste un der Foto interessen hues!
Zora 10.02.2013 - 08:11
Den gtaddei huet et schon erwähnt, dat wär eng super Foto gin, mam ganzen Tableau drop!!! Awer een gudden Essaiclosed_eye
luxiline 10.02.2013 - 11:45
muss ech eben nach emol zréckgoen ... oder ech bastelen am PS en aneren Tableau dohinner closed_eye
Merci awer fir de Kommentar
OK-Photography 10.02.2013 - 22:07
hmm...oofknipsen vun ANEREN LAIT HIEREN Konschtwierker...fällt fir mech net ennert Fotografie... unhappy
Geko 10.02.2013 - 22:19
Kann ech nët novollzéien, wann et generell gemengt ass. Et kann een dach grad sou gudd e Konschtwierk flott op enger Foto duerstelle wéi soss iergendeppes ?
luxiline 10.02.2013 - 22:34
muss ech mech lo verteidegen?
Ech sinn d'accord mat dir wann et em meng Fotoe geet déi ech vun Tableaue maachen, déi mir gutt gefalen an enger Ausstellung. Dat ass fir mech eleng, fir se doheem ëmmer rëm ze kucken. Duerfir däerf een am Louvre z.B. och alles fotograféieren oder ofmolen.

Dat hei ass awer eppes aneschters, wéi ech a mengem Kommentar zu der Foto erklären, do hunn ech eng mise en scène gesinn, déi ech wollt festhalen.
Ech wéisst just gäer wien de Sculpteur ass, fir dass ech e kënnt och nennen.
gtaddei1 11.02.2013 - 00:42
Esou ass et och... eng mise en scene... net oofgeknipst...
OK-Photography 11.02.2013 - 20:24
dem no waat ech op deser Foto gesinn an erkennen steet dei Statue net zoufälleg sou do dass se den Tableau kukt...
domat as dIddi dass "si Konscht bewonnert" net vun dir mee vum Künstler den daat sou arrangeiert huet --> an domat wier dIddi kopeiert....

am aneren Fall, get et effektiv een "gudd gesinn" closed_eye / (och wann dei Situatioun net sou eendeiteg ze erkennen as...)
gtaddei1 12.02.2013 - 01:00
Du hues och recht ... ouni zweifel!
Mé soll mir daat esou stark syndikeiren? Ech mengen net! Ech hun meng Ménung zur Technik gesoot ... de recht ass dem Fotograf seng "affär" .
luxiline 12.02.2013 - 20:30
menger Meenung no stong se zoufälleg sou. Do ware lauter Tabloe ronderëm.
Ech versti wat s du mir wëlls soen a maachen och kloer den ënnerscheed!
OK-Photography 12.02.2013 - 22:33
okay smile
joh weigesoot, as bessi schwirig ze defineiren sou, senn emmer kriteg waat Fotoen aus Muséen ugeet... smile

Metz as immens an Punkto Architektur, misst onbedingt och mol nees enka dohinner...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 575 Gäscht online