Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wéi fréier....

 
Wéi fréier....
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.02.2013
  • Gekuckt:
    34151
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    62 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    505 KB
  • Originaldatum:
    2013:02:20 16:07:35
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 24-70mm f/2,8
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70746]
Kommentar vum Fotograf:
Et kënnt jo net dacks vir, datt ech hei eng Zuchfoto roplueden, obschon Zich knipsen méng grouss Passioun ass. Mais datt haut de Mëtteg, wéi Schulungsfahrte mam Autorail Westwaggon 208 tescht Närzéng a Rëmeléng waren, grad och nach d'Navette Beetebuerg-Triage - Belval-Usines um Krop vun enger "Uechzinghonnerter" ugedieselt koum, grenzt scho bal un ee Wonner. Zwee Vertrieder vun der CFL aus ménger Jugend aus de 1960 an 1970er Joeren beineen am Joer 2013 a relativ ideale Wiederkonditiounen... wann ech mir dat gewënscht hätt, ech hätt ët bestëmmt net kritt...
ZerberuZ 20.02.2013 - 19:48
flott erwescht dei 2 smile haat den Westwoon haut direkt 2 mol begeint awer net zu naertzeng smile
Nicon07 20.02.2013 - 20:45
Ech hun en och eemol zu Kayl an eemol zu Schëffléng erwëscht.

Merci
gemu 20.02.2013 - 19:53
Daat do ass jo schons bal wéi een 6er am Lotto. Do kommen effektif och beim mir schéin Erënnrungen zréck. Flott Opnaam Nico
Nicon07 20.02.2013 - 20:44
Merci, Georges.
bac 20.02.2013 - 20:34
E Genoss fir Aan an Ouer
Nicon07 20.02.2013 - 20:44
A fir d'Nues.... net ze vergiessen, well de Westwaggon ass am Leerlauf gelaaf an d'1800er huet voll opgedréint. smile

An do konnt een och ganz däitléch den Ënnerscheed vum Geroch vun Ofgase vu 4 Takt- (Deutz) an 2 Takt-Dieselmoteur (GM-EMD 567-C) richen. coolbigsmile
Fesch-A 21.02.2013 - 09:28
jo, déi 60er Joren, dat war schons eng schéin (besser) Zäit smile
Schéi Foto, "zum richitgen Zeitpunkt am richitgen Ort" !
Nicon07 21.02.2013 - 17:24
Ob se besser war, dat ass relativ, well mir hu jo awer vill wech gefiltert emtre-temps. Ok, d'1800er waren a sin och nach haut zouverlässeg a robust Maschinnen, déi eppes zéihe kënnen, mais de Westwon war an ass awer dach eng Fehlkonstruktioun gewiescht, - eigentléch - , mat 2 mol 105 PS ënnermotoriséiert a mat 105 km/h net grad zügeg ënnerwee. Ech weess nach gudd, wann ech alt sonndes an d'Éislék gefuer sin, datt se vu Kautebaach op Wëlwerwolz ëmmer an di 2. vun 3 Fuerstufen zréckgeschalt hun, well se am Biergop op eemol ze lues gi sin. smile
micky-maus 21.02.2013 - 23:52
Sinn joo guer keen Eisebunnsexpär, awer matt der 200er Serie sin ech nach enn 80er ann der Studentenzait, Kautebaach-Woltz gekluntscht. Doo gouf eet nemmen amm Wanter Backofen-UnterHitze oder Fenster op. vill flott Erennereungen unn daat Deppen doo...smile deen Charme deen den Zuuch virrun 30Joer haat ass leider net mei doo.

Hei awer nach een interessanten Site:
http://www.rail.lu/materiel/cfl200.html
Nicon07 22.02.2013 - 16:08
Merci fir de Link. Mais dee Site kennen ech ganz gudd, well dee vun engem gudde Kolleg geféiert gëtt an ech hun och schon do eng Partie Fotoe bäigestaiert.
Ferdl 24.02.2013 - 21:09
Schéin déi Foto! Mär kommen Erënnerungen héich smile
Nicon07 24.02.2013 - 21:36
Tjo! Do kann ee soen, d'Bergaangenheet lieft weider.

Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 520 Gäscht online