Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Reier um Lac du Der

 
Reier um Lac du Der
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.03.2013
  • Gekuckt:
    13855
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/4000 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    500 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x701
  • Späicherplaz:
    219 KB
  • Originaldatum:
    2013:03:03
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71061]
Kommentar vum Fotograf:
...
Zora 08.03.2013 - 19:53
Wow, dei ass awer gud, gefällt mer gud!
NikonD80 08.03.2013 - 19:55
Merci Zora, 2 x smile
Maimonides 08.03.2013 - 20:40
Exzellent di do, Guy,
net nemmen wéinst där grandioser Rou,
deem Mejestätischem
an deene super Farwen.
NikonD80 09.03.2013 - 09:08
Merci Charel
Jeanny 08.03.2013 - 20:22
däi ass wonnerbar ginn,
NikonD80 09.03.2013 - 09:08
Merci Jeanny
gi87 08.03.2013 - 21:10
Flott Opnahm, vir mein Gout kinnt Foto eng kleng Gretz schärft mei hun, zumols weins dem 1/4000 tel.. Kann ma awa virstellen dass den Nikon D800 Grad deurch seng enorm Opleisung bei lichte Wackler Licht Onschärfte produzeiert, wou bei 12 oder 18 Mp dat net esou an Gewicht fällt.. smileOpjiderfall gefällt se ma, c'est ça qui compte !
NikonD80 09.03.2013 - 09:09
Merci
Nicon07 09.03.2013 - 09:47
Zum Guy sénger Foto: Déi gefällt mir och ganz gudd, well Bewegung dran ass, och wa se entgéint di gängeg "europäesch" Liesrichtung ass. Mais de Reeër ass schéi fräigestallt hei an d' Kontraster an dem helle Gefieder si gudd verdaut gi vum Capteur. Wat jo, ech widderhuele méch, bei de Sëlwerreeër beileiwen net evident ass.

Zum Gianni séngem Kommentar: Wéinst der grousser Opléisung vun der D800 an deenen domadder verbonnene Schwieregkeeten, hun ech méch fir eng D600 entscheed. Ech kennen een, deen huet eng D800 mat dem 24-70 f/2.8 kaaft, wat jo theoretesch ee Winning Team ass. An awer gesäit een, datt dat Objektiv bei Oppeblend Randonschärfte produzéiert, op den éischte Bléck. A Kombinatioun mat ménger D700 gesäit een dat net direkt. An op der D600 mierkt een et och net sou stark.

Fir iech zwee: D'D800 ass awer ee Mega-Fotoapparat, dee séng Suen op alle Fall wärt ass. A wann ee wirkléch och nach di richteg Objektiver drop huet, da mécht een haut fir relativ wéineg Geld domadder Fotoen, déi ee fréier just mat 6X6 MF-Kameraen oder 9X13 GF-Kameraë gemach huet fir ee Präis, wou een ee mëttelgroussen Auto dofir kritt hätt. Also: Loosse mir net méi verlaange, wéi d'Grenze vun der Optik zouloossen. smile


MbG Nico
NikonD80 10.03.2013 - 13:45
Merci Nico

Wat elo D800 betrëfft, hunn ech mech virum Kaf am Internet informéiert an ech wosst deemno och wat op mech géif zoukommen. Et ass eng Ëmstellung an ech sinn nach ëmmer amgaangen auszeprobéieren. Ech hat och un D600 geduecht, mä do huet mech de Problem mat den Flecken um Sensor dovun ofgehalen. Wat hunn mir fréier gemeet wéi et nach kee Internet ginn ass........?

Nicon07 10.03.2013 - 14:49
De Problem mat de Flecken um Sensor... ech froe méch op dat net och een Hype ass. Ech hat op der D700 no enger Woch an 10 mol Objektiverwiesselen schon di éischt Flecken drop, trotz Wackelsensor beim An- an Ausschalten. Op der D600 hun ech bis elo een décke Fleck gehaat, deen awer neess verschwonnen ass. Op ménge Jongen hirer 5100 resp. 3200 sin der och schon drop, och wann déi bal keng Fotoe maachen. A virun allem, méng D70 vun 2006 war voll, sou voll, datt ech reglméisseg selwer mat Wattstäbchen dru gebotzt hun. Do huet deemols awer keen déi Modeller verdäiwelt. Domadder soen ech net, datt alles gudd ass. Technik ass Technik, an do ass eben net alles perfekt. Ech wëll éischter soen, datt ee séier eppes an d'Welt gesaat huet, a wann da genuch Leit drop sprangen, dann ass d'Meenung gemaach. Well: Déi Leit, di näischt ze meckeren hu, melden séch net, also héiert een näischt vun deenen. Deemno si just déi Onzefridden, déi séch zu Wuert melden, a wann déi laang genuch gejaut hun, hun déi, di zefridde si, kee Stëmmrecht méi. Oder iiren ech méch? closed_eye smile
NikonD80 10.03.2013 - 14:57
duerfir hunn ech uewen gesot, wat hu mir gemeet, wéi et nach keen Internet an keng Forumen ginn sinn. Du hues dech emol an Foto-Zäitschrëften ëmgekuckt, an du hues an dengem Fotosgeschäft nogefrot, an war et dat.
Haut ginn Fotoen nach just op 100% vergréissert an wann se dann net super-schaarf sinn, ginn se geläscht. "Pixelpeeper" ass den neien Numm dofir. bigsmile
Nicon07 10.03.2013 - 15:02
Sic transit gloria mundi... bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 551 Gäscht online