Ass mäer just opgefall daat ann der Lescht enorm vill Vullefotoen hei sinn, ann naischt vunn der Quali gesoot. Am geigendeel fannen ech ett imposant wann ech richteg gudd Fotoen wei dei heiten oder zb Deng lescht WF kann kucken.
Bei deenen leschten 160 fotoen woeren ett 40 vullefotoen. Ass 1/4 vunn allen Fotoen. Doo kann ech awer soen daat ech daat fier main Gout bessi vill fannen, ann net direkt vunn Vulle-Spamfilter schwätzen, deen haaten mer wei mier nach Fotoen refuseiert kruuten.
Jo, heus Recht, annecht gesin, giefen 40 Fotoen fehlen..
Hei muss en da Realiteit an D'Aen kuken, hei hun da Peur Ungefangen domader, an e grousst Interesse ass dun Opkom..
Kann en et kengem Verbidden, mee villeicht asset am Moment jo just e klengen Boom
Merci Fränk, dat freet mech ze héieren
A punkto zevill Vullefotoen do ginn ech der vollkommen Recht!
Dat zielt awer net nëmmen fir Vullefotoen, mä am Allgemengen huet et menger Meenung no kee Wäert 100x de selwechten Vull, Int, Blumm, Auto, Sonnenënnergang asw... ze weisen.
Ech probéieren mer dofir och Méi ze ginn fir Fotoen ze weisen déi et an esou enger Form nach net hei um Site gi sinn, resp. sech soss vun aner Biller ënnerscheeden an iwwerleeën mer heiansdo 3 x ier ech eng Foto online setzen.
Also ech fannen déi Photoen do wierklech SUPER, mais ech muss dem "micky-maus" awer e bessen Recht gin.
Daat heescht guer net, dass ech déi Photoen net gär gesinn, au contraire, sie sinn impressionnant, mais... et muss een awer soen, dass sie meeschtens mat engem 600 mm Tele (oder gréisser) gemacht gin sinn, an duerch déi Brennweit an déi héichwärteg Objektiver wierken se dann och dementsprechend.
Net jiddfereen kann sech esou en Objektiv leeschten, waat net heescht dass wann een esou en Objektiv huet een automatesch esou gutt Fotoen hinkritt wéi se hei presentéiert gin, dofier brauch een nach e puer aaner Saachen (Erfahrung-gutt Stativ-Ausdauer etc.) mais ech mengen et ass méi einfach mat esou engem Objektiv ze impressionnéieren wéi z.B. mat engem "normalen" 50 mm oder 35 mm.
Deng Äntwert gefällt ma Maimonides, well dat ass hapsächlech de Problem, Eis Naturfreaks, dei liveren Kontuneierlech Qualitativ Biller, dei sech och am Endeffekt ofhiewen vun anner Sachen dei einfach Banal sen oder net ausgereitzt gin sen dasset eng gudd Foto gin ass ! Ech fannen et Flott wann Leit hierer Sach Trei bleiwen, well et sen da Vill dei Probeieren alles meigleges ze knippsen an Qualitativ an Kreativ gedet an Box, anstatt sech mol ob Een Sujet ze konzentreieren an dat ze Perfektioneieren !
Ech wees net fiewat's Du Dech elo ugegraff fills. Fier main Gout ass ett flott alles am Beraich Fotografie auszeprobeieren ann daat hei ze weisen och wann se net super ginn ass . Wann se naischt gouf ass ett unn de Kollegen hei weider ze hellefen. Mier mecht ett opallefall Spaass alles auszeprobeieren (HDR, Natur, Technik etc) ann nett irgendwou hänken ze bleiwen ann daat ze perfektioneieren. Soll jo Spaass maachen. Main Respekt fier Dech daats Du Dain Thema fond hues ann am Gaang bass richteg gudd ze ginn an der Naturfotografie. Ech knipsen alles waat ech schein fannen ann konzentreieren mech doo drop ann perfektioneieren daat
Merci Gianni
di 1te ass mäi Favorit.
Dat war zevill schéin ewéi e gesongen huet an do deen weissen Hauch erauskomm ass.
Et ass just schued, dass een doduerch mengt d'Aan vir net scharf.