Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Symmetrie Experiment

 
All Fotoen an dëser Serie:
35297 Thumbnail
35298 Thumbnail
35299 Thumbnail
Symmetrie Experiment
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.03.2013
  • Gekuckt:
    12951
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    24.3.2013
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71443]
Kommentar vum Fotograf:
Fir déi 1. Foto stong ech ganz no virdrun an hunn duerch déi ganz Hal duerch gekuckt. E bëssen zevill no soss hätt ech se kënnen riicht zéien.
Déi 2. ass erausgeschnidden aus der 3. Photo. Do war ech wäit ewech an duerfir konnt ech riicht Linnen kréien. Allerdéngs gesäit een dann net duerch d'Lengt vun der Hal.
Zora 27.03.2013 - 07:05
Dei 2 ass eigentlech vun der Symmetrie am Beschten!!
luxiline 27.03.2013 - 14:19
jo, dat ass richteg, mee déi 1. gefällt mir bannen besser. Wann ech e bësse méi ronderem gehat hätt, dann hätt ech déi jo kënne riicht zéien, oder net?
Zora 27.03.2013 - 14:23
wanns de dei riet zitts, verleierst de uewen zevill, geing se sou sin lossensmile
Gaga 27.03.2013 - 08:25
dei 2t as genau esou wei ech gemengt hun an fier mech doduerch och vill besser. evtl t'Achse vun Bannen nach e bessen mei an t'Mett huelen, an och mei propper riicht Zeien. (Objektivkorrektur, dann t'Linnen riicht zeien.)
luxiline 27.03.2013 - 14:17
dat verstinn ech lo net ganz - soll ech den Deel, den en duerch déi oppen viischt Dier gesäit nach extra ausschneiden a verschaffen?
Ass 'Objektivkorrektur' eng Funktioun am PS? (Ech hunn PSE).
Merci awer mol closed_eye
Gaga 28.03.2013 - 09:08
pardon, natierlech wier daat beim knipsen besser gewierscht. Et huet een oft Tendenz esou Fotoen e bessen ze schnell ze machen an net op dei kleng Detailer ze kucken dei een um PC vill besser gesait. (eegen Erfahrungbigsmile) Den Plafong bannen as jo net symetresch mat der Entrée u sech, mais mat engem Schrett no Lenks wier et net esou flagrant, firun allem well een dei henescht Dier mei an t'Mett geng kreien.
Mais ech denken du ges mer Recht dat dei 2t hei vill besser as wei dei eicht vun Gescht.

luxiline 28.03.2013 - 23:03
jo sécher ginn ech dir recht! Da muss ech nach emol dohinn fir déi ideal Photo ze kréien closed_eye
Gaga 29.03.2013 - 09:18
daat muss du wessen, mais ob jiddefall hues de e puer Ideen fier dei nächst Fassadefoto.

MbG

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 536 Gäscht online