Deen huet seng béscht Joer'en schon méi wéi hanner sech. Flott mam Moos op der éichter Foto, den Cadrage an d'prise de vue gefaalen mer héi och ganz gudd, vitun allem mat deem Spiggel (?) deen nach an der fiichter Front léit.
Wéi ech d'Foto gesin hun, ass mir gläich en Autokierfécht an der Belsch agefall, den awer (leider fir d'Fotografen, glécklécherweis fir d'Ëmwelt) geraumt gouf, e war och an engem Dennebësch.
Déi 1. gefällt!
Merci,
Jo Treinen vunn Freed, well esou Saachen extrem selten sinn ginn.... ann wann een net hei geif stoen wier een schon zenter 25 Joer gepresst ann geschreddert. Esou kruut hien hei Seng verdingten Pensioun.....
Ech géing mol soen: flott dokumentéierten Zerfall
Also di 2. Foto gefällt mer mol gudd, do ass den Auto schéin an d'Bild gesat, den Cadrage ass och gudd.
Bei der éischter gefaalen mer den Cadrage an d'Perspektiv och, mee mech stéiert just den Deel vum pare-choc am Virdergrond, ech fannen en lenkt den Bléck zefill vum Haaptsujet (den Auto) of, well en sou blenkeg ass an mam Rescht vum Bild farwlech relativ stark kontrastéiert. Un sech ass deen Deel flott op der Foto, mee en ass mer proportional ze grouss bzw zevill am Virdergrond. Ass awer lo och just meng Meenung...
Merci fier Deng eierlech Mehnung, esou soll ett sinn.
Deen Parschock lung doo ann mat dem Waitwenkel kommen dei Saachen dei noo leien nunmol grouss drop.
Ech geheieren zu deenen Urbexex dei naischt upacken, reckelen oder arengeeieren fier eng "flott" Foto ze maachen.
Daat ass esou ewei ett op der Plaatz woer ann daat ass fier mech ganz wichteg.
Op een den Pschok elo gudd fend ass a.d.g., fier dei eng Kiischt um Kuch fier dei aaner Ooflenkung.
Fier mech ass ett een Deel deen zum Auto/Foto geheiert.
Nachengkeier merci fier Deng Mehnung, ass mier gaanz wichteg hei.
Also net dats du mech falsch verstees: ech sin voll a ganz denger Meenung, wann et drems geet, d'Saachen op der Plaatz ze loossen. Eppes unzepaaken oder ze reckelen géing fir mech och net a Fro kommen. Sou wua mäin Kommentar och net gemengt
Ech mengen, et luch dann wuel um Effekt vum Wäitwenkel
Ech wees daat Dain Kommentar net esou gemengt woer, hunn just wolltn erklären firwaat deen doo ass. Bei mier gett op enger Foto och nie mei een Kran oder Antennen ewechgestemmpelt. Weisen Welt Gäer esou ewei se ass.... Esou ewei se ass....
Muss een just oppassen ewei een dei Saachen weist rsp. mat erancadreiert
Do hues du net Onrecht
Antennen oder Héichspaanungsleitungen stempelen ech normalerweis och net eweg, bei Baukrän hänkt et ganz dovunner of... Normalerweis maan ech dat och net, mee eng Ausnahm wua zb
!Dës Foto ass net méi am System!
well den Haaptsujet d'Oper ass an well genuch Baukrän ronderem stungen. An ech wollt et sou weisen, wéi den Architekt dat geplangt haat, dh. datt se "mat der Landschaft verschmelzt". An di provisoresch Baukrän hun mech do alt gestéiert... Iergendwéi