Immens, du werts deen fidderen do loungs de aawer um buedem wann ech den Schärfteverlaaf sou kucken. Fannen och dass et gudd wiirkt dass de héi den Horizont net riicht gezun hues. Schéint Déier.
immens, waat hues du eng Chance,
eng ganz schéin Foto, stongs du dann do op der Leeder hannert engem Steck Daach oder sou
ass deen wirklech net lieweg?
Nee, keng Angscht, dat do ass ob engem Schapp vis-à-vis vun menger Schlofkummerfënster ... ech kucken raus an soot zu menger Frauschen "Wat léit dann do um Dach" .. well do lung ën nach mam Réck zu eis gedréint .. dunn huet ën sech nach gestreckt an sech gemitterlech gedréint
d'Famill ass ewech vun dengem neien Hausdéier...
Elo verstinn ech och firwat d'Kaweechelchen net komm ass
Genial! ... a frée mech schonns op Weider....
fir d'éischt den Reck gedréint, .... an dann sech an Fotopose geluecht, du muss wirklech een speziellen Droot zu Déieren hun sinn mol virwetzeg waat nach kent
Jo ass schon ee bëssen Chance dobéi .. ech respektéieren d'Natur .. villeicht Léit ët do drunn .. jiddenfalls koum ob emol nach d'Madame dobéi an huet sech nierwendrunn geluecht .. lo hoffen ech natiirlech dass nach Klenger nokommen .. ween wees
Ech géif ënnen ongeféier 1/2 vun dem Holz ewechcropen dann häss de dem Fuuss säin Kapp 1 - an engem 1/3els Punkt an d'An vum Betruecht fixéiert sech nach méi op den Fuuss.
Stëmmt .. eng gudd Idee ... ech wollt dat nët machen wëll ech déi natirlech Rumm vun den Blieder net wollt futti machen an ech 2:3 Format ëmmer wëll béi behaalen mais wou ech lo gekuckt hunn probéier ech dat awer nach mol .. awer just uewen ... oder ?
Just uewen hmmmmm
Ech géif ënnen ewechcropen well den Fuuss dann esou am Bokeh schwieft mä uewen géi beschtemmt och funktionéieren an an mengen An d'Photo verbesseren.
Hehe .. jo ën genéist do gemitterlech déi puer rar Sonnenstrahlen ..an anscheinend gefällt ët em och ganz gutt do .. ech ginn lo mol den Blimmchen mol fir zweet kucken