Un sech fannen ech deng Idee ganz gutt. Bewegung vun den Dauwen..An eng gewëssen Statik kennt do eriwwer. Uewen villäicht en bëssen méi weisen esou dass Flilleken ganz drop sinn an riets deen groen Deel ewech Stempelen. An wat ech ëmmer wichteg fannen wann's de deng Metadaten dobäi schreifs. Dat war lo net schlecht gemengt. Eng Konstruktiv Kritik ass ëmmer besser ewéi guer keng aMaD.....
Bewegung vun den Dauwen ass d'Dynamik. An zwou Dauwen gesinn ech keng Bewegung dofir eng gewëssen Statik. Metadaten sinn Wäerter matt deenen s'de Fotograféiert hues ( Beliichtungszäit Blend Brennwäit Iso....)
oki. Merci!
Wou fannen ech dei Wäerter dann?
Ech kann zwar sws glaad an guer näischt astellen un mengem Fotoapparat. En huet keen Zoom, en geht am Fong just un an aus an en mecht Fotoen. Mei schlecht wei gut mee bon xD
Di kanns de an dengem Bildveraarbechtungsprogramm ënner EXIF fannen. Mäi bei dengem Apparat hunn ech do meng Zweiwel dass den datt mëscht....EXIFen oder och Metadaten schreift.