Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schildkröten

 
All Fotoen an dëser Serie:
35891 Thumbnail
35892 Thumbnail
Schildkröten
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.04.2013
  • Gekuckt:
    15644
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72009]
Kommentar vum Fotograf:
Ech weess si sinn net Top. Ech woll se awer weisen, well ech nach ni hei zu Lëtzebuerg an der fréier Natur esou Schildkröte gesinn hunn.
(An do sinn 700mm net duergaang) :-)
Gaga 24.04.2013 - 09:58
Salut Hardea,

Rotwangenschildkröten sin enorm vill ennerwee well vill Leit se aussetzen wann se net mei sou butzeg sin. Et get en Här hei am Land deen sech drop spezialiseiert huet se opzehuelen, an deen get se schon net mei Meschter. Se einfach an t'Natur ze setzen as onverantwortlech an guer net gut well se immens gefreisseg sin an keng Feinden hun ... an aal gin se jo och nach. ( -30 Joer)
Zu dengem Kommentar, ech geiff se enner Doku setzen, dann kuckt keen op t'Quali ! closed_eye
Daat do as awer schon en gut ausgewuessent Exemplar!

MbG
hardae 24.04.2013 - 10:55
Salut Marc,

villmools Merci dir déi Kommentar an d'Info.
Wann déi Rotwangenschildkröten nëmmen do sinn, well Leit se net méi wëllen an dofir ausgesat hunn, wann ech ganz schlëmm.
Wat mech den Dag och nach interesséiert huet, war, firwat se op verschidden Insel souzen. De Zäit wou ech do war, hunn se sech déi ganzen Zäit bekuckt. War et vläicht e Weibchen an e Männchen bigsmile

MbG Harry
Gaga 24.04.2013 - 11:04
bein och Sie spieren t'Freijoer ... bigsmile
TC 24.04.2013 - 10:46
Ech hat och des lescht 3 Gelbwangen - Schmuckschildkröten op engem Baamstamm am Waasser zu Remerschen fotograféiert.
hardae 24.04.2013 - 11:03
A Thierry , dann ass da jo net esou eppes Rares, eng Schildkröt zu Remerschen. smile
Merci fir deng Informatioun.
hardae 29.04.2013 - 06:37
Jo Thierry, de lëschten Donneschdeg hunn ech se och gesinn op engem Bamstamm am Waasser, hannen do wann een iwwer een Holzwee geet smile.
TC 29.04.2013 - 07:38
Ma ech war och den Donnschdeg zu Remerschen an sin um ongeféier - 16.00 do laanscht komm. Do stungen eng Réi Léit déi iwwert Schildkröten geschwat hun. Sin mer do ons iwweet den Wee gelaaf?
hardae 29.04.2013 - 11:24
Nee ech war vun 7:00 bis 12:00 Auer do an ech hunn e gewësse Marc do kenne geleiert, wou mir de Guckuck an de Bontspiecht fotograféiert hunn. Vläicht hues du hie gesinn, hie war de ganzen Dag do.

MbG
TC 29.04.2013 - 11:57
Jo, den kënnen ech.
sus49 24.04.2013 - 17:13
Flott festgehaalen... mee leider huet Gaga recht, déi Viicher sin eng Plô a maachen vill futti...d'Leit sin onverantwortlech >closed_eye
hardae 29.04.2013 - 06:39
Merci sus49
Conley 24.04.2013 - 23:55
Laanscht Autobunn bei Kayl un Weier hunn ech di och schonn geknipst lescht Joer...war richteg Witzeg si hunn sech e klenge Briet mat Inten gedeelt an di lescht Sonn genoss..an deng Qualitéit ass awer vill méi besser gutt wéi meng. unhappy closed_eye
hardae 29.04.2013 - 06:43
Merci Conley. Qualitéit wier besser gi wann ech méi no komm wier. unhappy
mischii 25.04.2013 - 01:24
schued , wann deem sou ass,
fannen Deng Bildkompositioiun awer gudd
hardae 29.04.2013 - 06:44
Merci Michèle,

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 438 Gäscht online