oké, Boxengasse Nürburgring ass éischter eppes fir meng Männer (mann an bouf) mee deen Alfa do, deen hun ech gär, hätt sou gär sou een gehaat wéi ech deemols den Führerschein gemacht hun, iwregens op engem Kadett, mee éischter een "Coupé" Modell?, mee meng deemoleg Léift huet gemengt daat wär naischt fir Meedercher, ze kriddelech am Uelegverbrauch, also hun ech schéin brav een 1000er Toyota kaaft, deen wirklech net futti ze kréien war, mee Draamauto ass den Alfa awer nach iergendwou am Hannerkapp
Aha, Du wäers gudd beim Aiello, een Alfisti duerch ann duerch.
Kommen och emmer ant schwäermen wann ech Autoen aus menger Jugend gesinn dei ech demols schon emmer wollt ann leider nie kaaft hunn. Waat bei dier een Alfa ass bei mier een Lancia, esou een integrale, eng Rennsemmel. Een Italiener muss ett sinn
Awer ween wees, irgendwann, wann mier eng 2.Garage hunn.....
aha sinn dann déi nach bezuelbar, an ginn et der nach vill? Hanneno hues de eng 2. Garage an keen Auto fir dran.
Hei een Lancia, awer een Beta Coupé 2000, deen mir vun 78 bis 82 haaten, ouni Garage, de Rascht soutz der am Geneck wéi eng lästeg Meck, dauernd eppes anescht ze ersetzen, jojo déi Italiener, mee war aver een flott Gefill, wéi maan ech daat fir eng FOto hei beizesetzen, ennert den Text net als grouss Foto mee hei an der Äntwert?