Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Am verzauberte Bësch

 
Am verzauberte Bësch
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (27.04.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.04.2013
  • Gekuckt:
    22534
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    8.7 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33 EV
  • Gréisst:
    1200x909
  • Späicherplaz:
    650 KB
  • Originaldatum:
    2013:04:27 13:11:52
  • Fotoapparat:
    DMC-FZ38
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Planzen
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72077]
Kommentar vum Fotograf:
Dat hei ass eng bekannte Plaz um Keukenhof. Well d'Muscaris (wéi all Blummen) dëst Joer awer e bësse méi spéit kommen war nach sou vill Gréngs hei tëschent dem Bloen ze gesinn, dunn huet et méch un Impressionismus erënnert an ech hunn dat e bësse betount. Duerfir och eng kleng diskret Rumm rondëm den Tablo.
micky-maus 27.04.2013 - 17:17
Aaaahhh Aaaenkriibs !!!!
Hei ass Deng rhumm nach daat bescht unn der Foto tongue
Awer Deng Foto ass gnadenloos iwwersatureiert aarghh autsch....

Klengen Tipp: Rückstellen ann nachenkeier matt allem ann mannerdovunn, Rumm ass gudd ewell diskreet,

Hoffen Du hells mier meng Kritik nöt iwwel.... closed_eye
luxiline 27.04.2013 - 17:52
ok, war e Versuch! Wa keen engem et seet ... ech maachen se nei!
micky-maus 27.04.2013 - 17:54
Nana, hunn dach gesoot, luxiline, dofier sinn mier joo doo... smile
luxiline 27.04.2013 - 18:13
Ech hoffen deng An kënne sech elo berouegen, hei ass praktesch d'Original-Versioun.
micky-maus 27.04.2013 - 18:19
cool
mischii 27.04.2013 - 17:37
ech muss dem m-m hei zoustëmmen, de Buedem an d'Beem si scho richteg rosa ginn, ech mengen aus deem Bild kanns Du eppes besseres maachen
luxiline 27.04.2013 - 17:52
ok, ech huelen se zréck! bis gläich!
luxiline 27.04.2013 - 18:15
lo hei eng ganz douce (original versioun).
mischii 27.04.2013 - 19:07
déi gefällt mer scho vill besser smile
Cypress 27.04.2013 - 18:03
Also mär gefällt së esou...ass mol eng Kéier eppes Aaneschtes. smile
luxiline 27.04.2013 - 18:14
Merci, ech wollt artistesch ginn bigsmile.
Déi al Versioun ass jo och nach ze gesinn, mee ech hunn elo eng ganz aner Versioun hei eropgelueden!
pho-taux 27.04.2013 - 20:04
Déi aaner haat zwar och eppes, ech hun se guer net schlecht fonnt... mee déi Versioun gefällt mer nach besser!closed_eye Deen blo-gréingen Tapis ass wierklech flott!
luxiline 27.04.2013 - 21:32
merci! si frou dass se awer nach gefällt!
Ech war zwar e bëssen enttäuscht, well den Teppech herno wierklech wéi ee Floss ausgesäit. Dëst Joer war et einfach nach e bësse fréi. Ech hu versicht souvill blo wéi méiglech dran ze kréien
pho-taux 28.04.2013 - 00:03
Du kanns jo emmer nach zreck, nee?closed_eye Mee wi gesot, ech fannen et cool sou wéi et gin ass, och mat der Ofwiesslung tescht blo an gréng.
Jeanny 28.04.2013 - 06:52
däi nei Versioun gefält mir vill besser. ganz flott festgehalen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 650 Gäscht online