Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lecture photographique

 
Lecture photographique
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.05.2013
  • Gekuckt:
    13702
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    1:900
  • Blend:
    f/2.0
  • Brennwäit:
    50mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    768x768
  • Späicherplaz:
    97 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Leica M9
  • Programm:
    A
  • Objektiv:
    50 mm Summicron
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72212]
Kommentar vum Fotograf:
Wir sollten zur Kenntnis nehmen, dass die Zeiten, in denen ein VilémFlusser noch meinen konnte, sich „für eine Philosophie der Fotografie“ stark machen zu müssen (um dann im Übrigen ausnahmslos längst Bekanntes,
Banales oder schlicht Unsinniges von sich zu geben , mittlerweile endgültig vorbei sind.1 Stellen wir die Fotografie
einmal zurück und setzen uns stattdessen endlich mit Fotografien auseinander!
Denn diese „bleiben oft ‚ungelesen’, ebenso die künstlerischen Strategien, die
Themen, die Ästhetik der fotografischen Praxis“.
Schluck 04.05.2013 - 23:50
Cool Formen an flott spill mat der Luucht ..
gtaddei1 05.05.2013 - 08:05
Merci, ouni HDR, Leica an nemmen Luucht an Formen... Merci villmols
Schluck 13.05.2013 - 16:35
D'Kontraster an d'Téeinung vun der Leica sinn ëmmer onverkennbar
gtaddei1 13.05.2013 - 18:52
Hey... ech hun mech , elo wouste e sés, et waar eng Fuji 100x... pardon!!!
Gaga 05.05.2013 - 00:25
Gennaro .... schein erem epes vun der ze gesin.

e clin d'oeil
gtaddei1 05.05.2013 - 08:06
Merci fir de clin d'oeil ... an merci fir den " schein erem eppes..."
Conley 05.05.2013 - 01:26
Du hues et drop Respekt !!
gtaddei1 05.05.2013 - 08:06
Hey net iwerdreiwen... awer villmols merci
Metalbambi 05.05.2013 - 02:34
Form...Luucht...SW...cool!
gtaddei1 05.05.2013 - 08:07
Merci vilmools, an express liit iwerbeliicht ...
Shantideva 05.05.2013 - 08:17
Schéin smile
Kanns du den Auteur vum dem Zitat nach dobäi schreiwen?
D'Foto kéint ech mir och gutt am 3:2 virstellen.
gtaddei1 05.05.2013 - 11:27
Jörg Glasenapp ass de Auteur vun der Citatioun , innerhalb vun enger Akkademescher Diskussioun iwert D'Iwerwältigung vun Filosofie ronderem D'Foto... Op hien elo recht huet ????
3:2 ... daat gét ... mé et kritt eng aner Force
Shantideva 06.05.2013 - 10:52
Merci! Den Auteur hat mech interesséiert an hien huet och een Droit d'Auteur op säin Text, vun dohier schreiwen ech perséinlech den Auteur ëmmer dobäi. Ech hunn awer weder Vilém Flusser nach Jörg Glasenapp gelies. Vun dohier kann ech mech net positionéieren. Awer wann een sech mat den Fotografien ausernaner setzt, dann setzt een sech jo just mat sengem Bagage un Konditionéierung (gesellschaftlech, familiär, sozial), Educatioun an subjektiven Erfahrungen ausernaner an et schaaft een eng Distanz zu dem wat do ass (eng Objet-Subjet Relatioun). Een Sujet hellt een Objet wouer an 'liest' et mat engem Wëssen dat ëmmer al ass. Et ass fir mech just d'Eenheet déi d'Schéinheet ausmecht. Soubal d'Liesen do ass, ass och schon d'Distanz do, an dann ass d'Schéinheet fort. Wat ass Schéinheet? Wat ass Léift? Dat ass zwee mol dat Selwecht sou laang et net duerch eng Dualitéit zerstéiert gëtt.
An der Fotografie gëtt awer net oft doriwwer nogeduecht well dat am Domaine vun der Non-Dualitéit ass. Eppes frësch gesinn an dat ze sinn wat een wouer hëlt geet just wann keng illusionär Distanz do ass.
gtaddei1 06.05.2013 - 19:38
Dofir rooden ech dir en herrlech Iwerleeung iwert d'Fotografescht Verhaalen vum Arnaud Claass...
Den Araki sét... bei sengen relativ douce an wëll Nu'en ... dass Gefill aus dem Spill geloos gin sollen ... an dass én Inspiriert soll sin vum Model... oder vun engem Thema ... Könschtlech Kreatioun...
Waat elo Scheinhét ass an Leift... do kann én sech gudd amüseiren bei enger Flotter Dialektik...
gtaddei1 06.05.2013 - 19:44
Ech hun ziteiert an nie gesoot et wier vun mir... mé mamm Numm drenner wier besser (ech haat et vergiess... ewei oft d'ailleur) smile

Villem Flusser soll gelis gin esou ewei och den Henri van Lier (mein Liebling) , Barthes an d'Sontag...
Mé et gin och vill Philosphen dei sech domaden oofgin... an Psychologen (ewei zB d'Fototerapie dei angesaat get bei Sozialsteirungen, Anorexie, Sennerweiderung bei de Kanner...)
Fotografie an sech ass eng Relatioun dei extrem Komplex ass...
Shantideva 06.05.2013 - 21:40
... ech wollt dir net ënnerstellen dass du d'Zitat als däin Zitat wollts duerstellen. Ech war virwëtzeg ze wëssen wien dat geschriwwen huet an hunn gemierkt dass du vergiess has dat dobäi ze schreiwen. smile
Do ass jo nach sou een PDF an der Warteschlaang vum Sontag. Dat liesen ech mol, awer ech fäerten dass déi ganz Analysen vun der Essenz oflenken an d'Fräiheet vun der Konscht an een akademeschen Eck drécken fir se do mam Intellekt ze erstécken. Dat ass awer just eng Hypothees vun mir well d'Konscht jo oft een Versuch ass eppes ze offenbaren wat net intellektuell ze expriméieren ass well et jensäits vun Objet an Sujet läit.

Et ass déi Geschicht mam Fanger deen op den Mound weist. Déi Eng kucken op den Mound an déi Aner beschäftegen sech d'ganzt Liewen den Fanger ze analyséieren (lecture photographique) an verpassen doduerch ganz den Mound ze kucken, wou den Fanger hiweist (expérience directe de la beautéclosed_eye. smile
gtaddei1 06.05.2013 - 21:48
Jo ouni doute... mé du hues jo elo och intellektualiseiert... ech sin der Ménung dass verschiddenes , eben duerch d'intelektualisatioun , ier Essenz eréschen , well eben d'capacité de compéhension intellectuelle iwerschratt get... wann d'Wieder eriwer sin dann fängt eppes Aneschters un... D'Questioun ass ze verstoen dass et dei gin dei op de Fanger kucken an dei dei op de Mond kucken an dei dei den ganzen Prozess verstinn ... An vun do un frei gin ...
Dofir liesen ech d'Ménung vun den Aneren fir neischt ze re-erfannen. D'Konscht ass ewei d'Musék ... d'Expressioun vun eppes an ais waat staennesch no Scheinhét an Gleck sichen dét...
Maimonides 05.05.2013 - 17:05
Du hues eis gefehlt, Shanti !

An dësem Kontext, kuck och
d'Diskussioun ënnert dëser Foto.

Vum gtaddei:

La propreté
Shantideva 06.05.2013 - 10:53
Huch!!! Do muss ech mir awer e bëssi Zäit huelen. Eng ganz interessant Diskussioun.... smile
Maimonides 05.05.2013 - 17:10
Gennaro, du weess ganz genau
dass di do mir super gefällt.
Fir waat ?
Wells du mech zimlich gutt kenns
ouni mich je gesin ze hun !
Subjektivitéiten sin nun eben mol
ganz ganz éierlich.

closed_eye
gtaddei1 06.05.2013 - 19:42
Jo Subjektiviteir... neischt dogeint! Firwaat dan schon... soss geif ech meng égen NAtur verleugnen well ech kennen mech dach och nemmen duerch d'Subjektiviteit... Mé ass den Drang zu enger Objektiver Vue... oouni Projektioun vun eiser Memoire ... bei der Observatioun iwerhaupt meiglech? an gerrechtverdecht? Domaden well ech soen ... weini gesinn ech daat waat du an dengen Fotoen mengst ouni mech doraner ze projezeiren...

Maimonides 07.05.2013 - 20:50
..."wéin gesin ech dat wats du an dengen Fotoën mengs,
ouni mech doranner ze projezéieren"...?

Am Groussen a Ganzen
si mir Mënschen, Gennaro,
mir sin also no beieneen
an interprétéieren Biller

ongeféier esou wéi mir mengen
dass deen aaneren
se och géif interprétéieren.

Mir sin also um Niveau vun enger Sprooch
déi allgemeng verständlich ass.
Dass et dann Ongereimtheete ginn,
Spiichten, Malentenduën, etc...
ass d'Salz an der Zopp.

Ee Wuert kann een am Dictionaire nokucken,
wann et da muss sinn.
Vun engem Bild get et keng offiziell Iwersetzung.
gtaddei1 07.05.2013 - 22:14
Ekzellent ...
Dass et net eng Iwersetzung get fir é Bild dé nemmen vun Subjektiviteit vum Auteur, Sujet oder Apparat esou spretzt, ass flott metaphoresch duergestallt gin vun dir.

"...dass deen aaneren
se och géif interprétéieren ... "

Ech soen awer elo dass mir ais Fotoen esou Egoistesch duerstellen dass sie ais gefahlen fir d'eischt an dann kucken mir op se och dénen Aaneren gefaellt ... an deser Dynamik enstoen dann och dei gesalztent Zoppen dei oft net ze gemiessen sinn wann et , vum observateur aus, schon geschmunzelt get virun dems hien d'Foto iwerhaupt vergreissert vir se besser ze gesinn...
Also wann sech 2 Subjektiviteiten sech stoussen, dann kennt zu enger Non Sprooch... all Dialektik ass ennersaat...
Mé weini verstinn ech d'Psychologie vum Auteur duerch seng Biller...
Ech woar des Lescht an allen MOdern Art Museen dei ech konnt kucken goen... fir ze verstoen dass oft mir net brauchen ze iwerleen , dass mir net eng Essenz sichen sollen , zemools virun "absurd" Konschtstecker... an genau duerch d'Ausschalten vun all Projektioun ... erkennen ech den Objet baal an sech...

Uff... vill Konzepter beieneen

Maimonides 08.05.2013 - 22:22
Ech hun zimlich vill gelies, Gennaro,
iwert Mënschen di virun zigdausende Jahren
scho wollten Eppes matdeelen,
ënnert aaneren Bicher
och dem Emmanuel ANATI
sein "Aux Origines de l'Art".
Val Camonica ass eng Sprooch.
Wa mir déi net emmer verstinn,
fannen mir eis awer dran erem.
Jeanny 06.05.2013 - 06:25
Hallo Gennero, smile dat gefält
gtaddei1 06.05.2013 - 19:48
Kuku Jeanny... Merci!
mischii 09.05.2013 - 20:11
Dat Motiv do muss een mol fir d'éischt gesinn!
gefällt mir ganz gudd Gennaro
gtaddei1 10.05.2013 - 01:16
Den Art Mzseum vun Düsseldorf... Traap um 1 eischten Stack smile
Merci Mischii
Rolacro 10.05.2013 - 23:52
D'fotographie ewei ech se gäeren hunn: stoen bleiwen mussen an eng zweet keier mussen kucken. Keen picturalen fast-food.
gtaddei1 12.05.2013 - 02:10
Et ass eng Relecture... bis mir de Sujet mengen erkannt ze hun... dann get hien Subjektiveiert ... esou ewei mir machen beim Nolauschteren... mir projezeiren ais Realiteit an daat waat aner Lait soen... zB an der Medecine waehrend der Relatioun Dr-Patient... oft kritt de Pazient eischter é Problem an de Schouss gedoen dén dann gelist muss gin (Psychothérapie-Psychoanalyse)... oder wann dem Pazient eng Wourescht geschaafen muss gin... fir verschiddenen Grënn,
esou och an der Pikturalescher Konscht...
Merci villmols fir deng Méi

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 441 Gäscht online