D'Beliichtung vun der Bréck ass immens flott, schéin Spigelung an d'Foto ass gudd scharf, gefällt mer gudd! Just: doduercher datt d'Bréck an hir Spigelung sou eng flott Form opweisen, hätt ech eventuell versicht, manner vum Haus an eventuell en Tick méi Wasser op d'Foto ze huelen... Ass awer just meng perséinlech Meenung
Sou, ech haat lo hei en mega laangen Kommentar geschriwwen, mee deen ass falsch, mengen ech Ech hun mer mol erlaabt, deng Foto rofzelueden an am PS bessen domat ze spillen...
Also dat mat der Symmetrie mengen ech schon mol net... Dowéinst huelen ech meng Aussoo "méi Waasser" och zreck, well et schon gudd ass, wann d'Waasser an d'Spigelung vun der Bréck am enneren Drëttel vun der Foto ass. Am Fong hun ech se uewen (bis an der Mëtt vun der Foto um 3. Stack) an ennen (bis an d'Mëtt vun der Spigelung vun der gieler Luucht) bessen gecroppt, domat wierkt se méi rechteckeg an d'Bréck an hir Spigelung kommen sou vill méi zur Geltung, fannen ech. Mee ass awer wuel och affaire de goût!
An ech hoffen, ech hun hei net zevill chinesesch geschriwwen