Déi zou gefäle mir wierklech gutt. Bei der 1. sinn et Faarwen, déi wierklech ervierstiechen.
Just eng Fro: War um Original riets och net méi Plaz oder hues du d'Foto geschnidden?
Wa riets vum Gras nach e besschen Plaz wier, da wier se pefekt. Oder war do eppes, wat gestéiert huet, datt's du d'Gras ugeschnidden hues?
Gutt gesinn. Et war iwwerall Platz just do leider net...Et ass bestëmmt eng dobäi wou dat Gras do ganz drop ass. Awer do huet dann eppes anescht net gestemmt. Hien hutt sech no dräi Fotoen léich no hannen gekippt an hunn do de Wénkel missen änneren an do war den Hannergrond Grasgreeng . De konnts de labber hannert fënnef Cent verstoppen. An do kucks de dem Klengen just op A fir bei der Loft de richtegen Moment ze erwëschen dass se och schaarf gëtt. Villmools Merci fir di Konstruktiv Kritik an et freet mech wann Fotoen gefalen.
Di hunn ech den Owend gemaach no dem dass ech D800 gefëmmt hat!! War jo dann net fir näischt, dass ech t'Roserei mat de D7000 kompenséiert hunn. Villmools Merci Jacques.
Excellent déi zwou Fotoen,ech hun eng liicht Prérérenz fir déi 1. wéinst der Luucht an den Hannergron ass méi rouheg, waat awer guer net wëll heeschen dat déi 2. onrouheg wär, fannen déi och tip top
Däin Komentar bei allem Respekt verstinn ech elo net esou direkte. Ech géing mol mengen dass ech hei nach kengem Waasser kann rechen...an der Naturfotografi...ginn mir awer Méi an probieren mäin bescht ze machen!!
Den geigendeel! Ech fannen dass du eng grouss konkurenz bass fir dei schon fantastesch naturfotografen.
Also wierklech den geigendeel ... ech dannen daat herrlech gudd!
Datt feet mech schonn gataddei1 dass de esou denks. Du kenns jo och vill méi dovu. Fotografie ass fir mech een Beruff. Wou een dräi Joer muss léieren an der Schoul. An ech probéieren mir dat dann selwer bäizebréngen. An dat dauer sou laang wei et eben dauert. Ech well mir do kenn Stress maachen hunn jo lescht Joer eréischt Interesséiert ugefangen. Merci awer fir deng Éierlech Meenung!!
Ech probeieren esou eierlech ze sinn ewei Meiglech... ech ginn einfach meng Vue... daat kenn dir interesseiren oder och net ... Me ech fannen dass et emmer mat Repsekt misst sin .
déi 1. gefällt mir immens gudd, schéint Farwenspill,
an deen vun der Sonn belichtenen Hannergrond fannen ech richteg cool,
fir mecn eng schéin harmonesch Opnahm