Ech hunn elo mol di richteg Auerzäit agesat. Et war schonn nach Loft, awer heiansdo eben bal keng.
Et muss een Gedold hunn och wann et ëmmer méi däischter gëtt. (Sonn war do schonn bal hannert der Kopp verschwonnen) Mee weem Zeilen ech datt .
Een decken Merci Jeanny
Schéint Bild.
Wann dat Objektiv fonctionnéiert, da si schéi Biller méiglech
Hues du deen hei geknipst? Ech hunn ëmmer Problemer, fir Päiperleken ze fannen.
Mäin 150er ass lo tip top...super schaarf ... dofir soubal wéi méiglech aschécken.
Leider feele mir Päiperleken an Diddeleng ass mir dann awer e bëssche wäit, obschons d'Motiv reizt... wee weess
Do frëeen ech mech mat dir Laurent, an hoffen dass de eis e pur schéin Fotoen kanns Weise..Mäint muss dann awer nach een bëssen waarden soss ass Saison erwier an ech hunn dann keng Zäit méi fir mech een bëssen méi an der Makro Fotografie ze verbesseren. Ech hunn zwar nach een 85mm Nikon awer Sigma 150mm wann et dann Fonctionnéiert ass dann awer eng aner Liga!!!