Iwwregens! Dest hei ass am Moment deen eenzeche Güterzuch, deen iwwert di ganz Nordstreck fiert, ee Kuelenzuch vu Sibelin bei Lyon op Born an Holland. An di beschriwwe Richtung fiert en eidel, an matzen an der Nuecht fiert e mat Kuele belueden neess rof. D'CFL-Cargo iwwerhëllt en tescht Visé (B) an Hagondange (F). Fir déi, déi e wëlle fotograféieren, dat geet am Moment nach, well e fiert laut Fahrplang géint 21.10 bei Beesléck iwwert d'grenz an d'Belsch.
Ech sin Hobby-Eisebunner, engagéiert an der Association luxembourgeoise des amis de chemin de fer (ALACF) an och zum Deel Fotograf vum rail.lu. Op fotocommunity.de hun ech eng Serie laafen zanter Hierscht 2012, déi séch "A train a day" nennt, wou ech all Daag eng Zuchfoto posten. Avis aux amateurs!
http://www.fotocommunity.de/fotograf/nico-berte/942922