Owes 20:42 waarden se nach dass et Däischter gëtt, fir fort ze Fléien. An Moies 6:37 suergen se nach fir Nowuess, dass nächst Joer der och nach Fléien.... ;)
Merci Gianni freet mech ëmmer wann Fotoen gefalen! Awer et Interesséiert mech och wat net esou gutt gefält! Dat muss keng Erklärung sinn wéi ech dat soll oder kann besser maachen. Schonn alleng een hiweise kann hëllefen. Ewéi läscht mat dem Blo-Grengen Schleier beim Wegerich-Scheckenfalter. Hat dat relativ séier erausfonnt ewéi ech dat kann besser maachen. Also Meckeren domadder hunn ech bestëmmt keen Problem!!
Bon Bild un sech ass vum Hannergrond op de Stiel bis op de Sujet immens douce gehaalen, Eventuell wannet machbar wier, gief Esh probeieren hei "Klarheit" ( beim Adobe Camera Raw ) ze erheigen, automatesch giefen Wiedercher sech e bessen mei nach ofhiewen... bon dat ass elo dat wat esh nach gesin wat een kiint man awa net muss... doweinst hat Esh mesh hei amfong immens Keurz gehallen an mengem 1ten Kommentar
De Problem war fir mech hei Beliichtung. Fir di kleng donkel (schwaarz) Widdercher mat een bëssen Detailer bei deem hellen Hannergrond nach Akzeptabel ze weisen. Ech gesinn jo selwer d'ass nach ëmmer eppes an mengen Biller fehlt. An freeën mech iwwer all Kritik oder Tipp! Merci fir den Tipp Gianni Nach Haut an dann sinn mol gutt Zwou Wochen Congé hei op der Site.