Merci Bob76!
Ech war zweemol owes viru Sonnenënnergang eng hallef Stonn bei deeër selwechter Blumm.
Ëmmer wann et gebrummt huet, hunn ech lassfotograféiert. Dat war ganz spannend!
Dat meescht ass allerdings am Dreckseemer gelant, just e puer Opname si brauchbar.
Wonnerbar festgehal Jorsch, an déi Hummel ass den Glanz!!
(Wanns du d'Foto géifs ganz licht entrauschen, dann fällt den "Banding" uewen am Bild net esou op. Ech hun et probéiert )
Merci Jacques, fir de Kommentar, de Fav. an den Tipp!
( Ech hunn elo probéiert den Hannergrond uewen selektiv ze entrauschen. Allerdéngs ginn dann d'Konturen vun deene bronge Formen am Donkelgréngen méi flou, an dat gefält mer dann erëm manner. Dofir hunn ech et elo mol si gelooss. )
Dat kann ech verstoen.
D'Foto ass teschnech genial an mengen Aaen, an ech hat och schon oft den Problem dass ech irgendwou am Bild dann Streifen kritt hun vun den Farwofstufungen.
Et kann een sech den Hannergrond leider net emmer eraussichen