Merci. : ) Mä wéi mengs du dat mat riicht setzen vun der Sail ? Op d'Sail aus zentréiert ? Hmm, hunn dat probéiert, mä dann huet den Rescht iergendwéi net méi gepasst ...
deng Beliichtungskorrektur as perfekt gelongen!
et kann een effektiv schon mam CameraRaw un der RAW-Datei selwer IMMENS VILL maachen...hunn do o well puermool un der Limite vum Begreff "HDR", mat enger eenzeger Datei, ronderemgekraatzt...
(get allerdings nie sou perfekt wei mat puer Fotoen gestapelt/Kontraster am Detail ajusteiert)
Den Wenkel ass flott, mee wei Bambi seet, mengt een baal se kippt no lenks, hunn et awer lo net mam Lineal iwwerpreift...
kanns awer vlaicht eng aner Sail huelen fir se drun auszeriichten....
Meeeeeerci Oli : D Jo, dat stemmt. RAW for president! Ma dat hunn ech probéiert, mä dann gëtt den ganze bueden ewech geschnidden, ech hunn just nach Loft no ënnen an dat gesäit dann net méi sou gutt aus : /