Waat ech mech bei de Päiperleksfotoen ëmmer froën ass:
Wéivill ass do effektiv gecropt gin?
An wou fannt dier di flott Päipampelen do?
Ech hun do einfach kéng Chance, oder léhe mech wuel falsch un, ech gesin allerhoechstens een wäissen den mol sporadesch total onkonrolléiert duerch de Gaart flattert, sëtz e knapp op enger Blumm flitt en rëm fort, wuel wëll ech him ze no kommen? Wou ass den Trick heibäi?
grevemaacher ass bei mir och um Programm, mee wat ass dann zu Remerschen?
Dës Foto gefällt mir gutt, och wéinst der Blumm, ass net sou eng typesch Päiperlécksfoto!
Zu Remerschen as den "Haff Réimech"(ech mengen dat heescht esou)e ganz schéint Natur an Vullen schutz Gebiet(1980 hätt do sollen en Atomkraftwierk gebaut gin).Vun do sin och bestemmt déi meescht Libellen Fotoen.Do as et flott,roueg an voll vun klengen Déieren.Einfach un d´Regelen halen(do hun ech bei dir absolut keen zweifel drun)an ech mengen jiddereen as do welkom.Wann ech hei mat eppes falsch leien,losen ech mech gären korrigéieren.