Do get et op menger Lumix eng "sablage" Funktioun. Ech hun déi lo mol probéiert. De "sablage", also de "grain", ass just nëmmen de Maximum vum digitale smog: ISO bis hannen hin an dann eng ganz kuerz Zeit. Dat ass egal wat. Dat ass genau esou wéi een et net soll maachen.
Fir dat ze weisen hun ech och d'Exifs eropgelueden.
D'Motiv ass awer weisenswert, mengen ech mol.
Ech hun där nach, an déi weisen ech och.
Schued dass ech keng farwig Foto hun déi een dann SW korrekt kéint konvertéieren.
Meng 1. Interpretatioun: Do huet een Usträicher een Eemer Latex an - oder besser - laanscht de Gulli geschott an d'Passanten, buerféiss, mat Schong oder mat Velo hu sich ee Spaass draus gemaach fir doduerch ze laatschen. Dann ass d'Fro di hai: "Ween ass dann elo den Artiste ? Ass et den Usträicher, d'Passanten oder de Fotograf ?" Wéi su oft ass et en "heureux concours de cironstances" ! A wann een net matspillt, da gëtt näicht draus !
"Gesinn" geet aleng och nach net duer: De Mérite läit am Erkenne vun engem ästhetische Wäert oder Potential vun enger Saach oder Situatioun an an der Veraarbichtung di sich deem uschléisst.
Ass am Fong och Alles ganz egal a guer net wichtig: Mir gefällt dat Bild!