Duerch d'Laangzäitbeliichtung verwëscht d'Waasser zu engem Voile aus dem d'Steng mat de Blieder ewéi geheimnisvoll Inselen erauskucken.
( Klicke w.e.g. )
Merci mischii.
Op all Bild ass iergendwou d'Fléissbeweegung vum Waasser nach ze gesinn, soss wier et wierklech ganz irreel.
Konnt mech net tëschent 1 an 2 entscheeden, dofir Merci fir d'Hëllef!
Beim éischte Bléck hun ech geduecht, dat wieren Steng uewen op engem Bierg oder sou an vun Wolléken emrengt... wat total onlogesch ass, wéinst de Blieder Super Serie! Do hues du d'Méiglechkeeten vun Waasser an Laangzäitbeliichtung nach e Stéck méi wäit ausgeschöft wéi üblech, d'Resultat ass immens!