di 1scht ass interessant och duerch d'Möve, bei 2 an 3 fällt de Sujet duerch dem Gewulls net genuch op, op jiddwerfalls traureg dat haut nach Leit esou missen liewen
dat mëcht mech ëmmer esou rosen daat dooten (egal wou ët ass op dëser Welt)
iwerall gin ët Suen fir villes, awer nie fir esou Zoustänn ze verhënneren?
haut sin ech zu Déifferdeng, beim stationnéieren, vun enger eeler Fra abordéiert gin (ech soutz nach am Auto) fir hier 1 Euro ze gin fir een Kaffi, sie hätt doheem näischt ze iessen ...
Konditionnéiert wéi een dann ass (...), hun ech hier 1 (!!!!!) E gin an nach gemengt derbäi missten ze soen "awer dann och wierklech fir een Kaffi! nët fir eppes aaneschtes" (!!!!)
Ech wor dun esou iwer mech erféiert (1E fir een Kaffi, ech wees dach, dass een Kaffi net 1E kascht! an dann déi domm Bemierkung! ech wousst jo genau, dass ët nët fir een Kaffi wier, mee waat geet mech daat un waat sie domadden mëcht?), dass ech vergiess hun een 30' gratis-Parken-Ticket ze huelen ... an wou ech eremkomm sin haat ech een 24E-Protokoll ...
voilà! hätt ech hier dach déi 24E gin!
ech war och esou rosen iwer deen Protokoll, deen ech "verdéngt" hun, mee wou ech mech froen waat matt all deenen alldeeglechen dausenden E geschitt déi duerch Protokollen opgehuewen gin? wou gin déi hin? gëtt een (gudden) Deel dovunner fir sozial Zwecker benotzt? oder fir zB Wahlen ze bezuelen? (iwer 2mio hun déi vun elo kascht!!) oder fir d'Freedefeier op Nationalfeierdaag? oder fir déi nei Bréck (déi och wichteg ass)? oder fir den Bommenléerprozess? oder, oder? ...
sin esou rosen, dass ech bestëmmt (vill) Blödsinn hei verzaapen, mee wéi gesoot fir vill Saachen fënnt een e beemol vill Suen, awer fir vill Misär sin der nët genuch do? oder wéi?
P.S.: sus49, sorry, ech hun elo näischt zu denger Foto gesoot, mee sie huet mir vill gesoot ... also war se schon gutt