Wann's de d'Bild am Raw fotograféiert hues, kriss de déi ausgefriesse Plazen eraus (du hues guer keng Zeechnung méi um Réck beim Hënnschten a viir iwwer der Nues); mir gefällt de Bildopbau nët: ze mëtteg, ze vill Elementer déi stéieren am HG...
T'ass e Schnappschoss...
Edit 24/11/2013
Sorry ech hat nët ganz op déng Fro g'äntwert: am Raw fotograféieren, eventuell Spot-Beliichtungsmiessung, Blend méi grouss op fir den HG eventuell nach méi onschaarf gin ze loossen (mee du hues vläicht scho ganz grouss opgehat: du hues leider keng EXIF'en derbäi stoen...), en anere Standpunkt sichen, nachméi déif.... AWER dat alles geet bei esou Schnappschëss nët ëmmer, wëll een dofir ze lang brauch an de Moment (respektiv an dësem Fall d'Kaatz ) fort ass iir een alles agestalt huet, an anere Wieder, ëmmer prett sin an déi Fotoen, déi näischt gin vertikal klassieren