Gefällt mer schon besser Jean-Marie!
Elo hues du déi Stuktur net méi am Hannergrond.
Et ass zwar nach e bessen rauschen dran.
An denger Serie huet déi 2. an 5. am meschten Potential fir eng richtech schéin Foto. Wat d'Rum ubelangt géif ech keng Farwech wiehlen.
Méi wéi gesoot, dat ass just meng Meenung an a.d.g.
Tiptop elo déi do ... Rauschen gesinn ech lo perseinlech keent .. ech géif se villeicht nach an ee Carré croppen dann ass se méi ausgeglach, wëll lenks gëtt ët näicht ze kucken.
Merci fir den FeedBack, ech hat schon hei eng Remark gemeet kritt weinst mengen Rummen an hun gemierkt dass dei effektiv e besse grouss waren. Dorobs hun ech bei denen neien Biller mei eng kleng Rumm gemeet an och keng Farwen mei benotzt. Fenns du dass eng duebel Rumm wei ech se bei den leschten Fotoen gemeet hun nach emmer ze flappeg ass ?
Hun elo mei lang hin & hier probeiert an ech denken dass ech effektiv d'Biller nach just rummen wann et en visiblen Aventage brengt, ech muss mir do bei all Bild bessen mei Zeit mam Cadrage lossen.
Merci awer nach emol fir dein FB.