Ech perséinlech hu Problemer mat esou Foto, wou Leit kloer ze erkennen sin, virun allem wann et hei zu Lëtz. ass, déi domadder wahrscheinlech net averstanen sin, dat esou Biller hei public gemaat gin.
Et war virun e pur Deeg um RTL eng Sendung iwwert dat Thema, z:B., mat enger Dashcam filmen, ka bis e Joer Prison gin. Wahnsinn, well déi GoPro & Co kritt e jo ganz legal ze kafen.
Interessant Diskussion iwwert waat een därf weisen a waat net. Pressegesetz ass zB. schwammeg, mä et seet wanns de e generellt Strossebild weiss, wou meih Persounen kloer ze erkennen sinn, brauchs de keen Accord vun deenen Leit. Beispill: Um Rock um Knuedler fotografeiers de an Leit, do hues de dann zB. 25 Leit ob denger Foto, do kanns de schlecht hingoen an all Mensch froen ob en domadder d'accord ass... Selwecht wanns de während der BRaderie d'Leit an der Groussgas knipps.
Dem Gaga seng Propose fiir den Cadrage aanescht ze maachen, giff der Foto secherlech gudd doen, mä do misst een dann, wann een Foto weilt an eng Zeitung brengen, Madame froen ob se dat wellt...
Dat ass Theorie, iwwert Praxis schwätzen ech elo leiwer net
Photogen ass allerdengs keng Zeitung mä e Foto-Site, ech mengen den MJF huet Rescht, wann bis een reklameiert kann een Foto läschen, an ech behaapten dat wärt net gescheihen...
Et geet net drëms waat en därf weisen oder net, mee dat een einfach keng Foto däerf machen von einzelne Leit, ausser wann iwwert eng bestëmmten Unzuel Leit op der Foto drop sin, wéi Du jo och sees. Mir huelen dat mengen ech all net esou genau, mee wann eng Kéier dee Richtegen meckert, geht et mat Läschen net duer
Also ech wees dat elo erem Leit kommen an soen, eng Street-Foto brauch net 100% scharf ze sin a gut kadreiert.
Mais se soll awer en kloeren Moment, resp eng kloer Aktioun resp. Persoun weisen.
Hei wees een net wat elo den Sujet as, resp, dat wat ze gesin as weisst net konkret epes ... (zb Hektik, Stress, Ambiance oä...)
Ech stellen mer se lo mol heichkannt fier, an dann e bessen mei op dei Mme mat de Valissen kadreiert (an net t'Been geschnidden), da keinnt een sech direkt fierstellen wats de wells weisen. elo esou as dat net de Fall.