Et gesäit esou aus ewéi wann Bëschanemonen no bei engem huelen Bamstamm géigen Wuerzelen. Schéin entouréiert an beschützt. Di minimal Schäerft ass gutt gesat awer villäicht een bëssen ze vill schaarf.
De Flou oder Donschärft ronderëm mécht Bild am s/w mat dem Liicht besonnesch. An awer sinn erëm T.w.a. am Hannergrond ze gesinn. Op zwee Bildschiermer jorsch! Deng Idee Foto am s/w Foto ze weisen fannen ech eigentlech ganz gutt!!
Merci Conley, fir däi Kommentar.
Freet mech wann d'Bild der gefält.
D'Blumm e bëssen iwwerschäerft? D'accord!
Awer de Banding-Problem kann ech op mengem Bildschierm net esou erkennen.
Op dem Original am tiff ass jiddefalls guer näischt ze gesinn. Hei ans do hunn ech d'Erfahrung gemaach, datt bei der jpg-Kompressioun an Bildgréisst-Reductioun Banding entsteet, besonnesch bei ganz douce Faarftounverlef.
Trotzdem muss ech da villäicht emol technesch oprüsten!