daat dooten wier dann deen enzegen Grond wisou eng Zensur, vun menger Säit aus gesin, heiansdo (erëm) erwënscht wier;
emol nët wéinst der Foto selwer, mee wéinst der Provokatioun (par rapport zu Photogen), ouni déi een eventuell villäicht nach vun Konscht kéint schwätzen
an kommt elo nët matt "zur Konscht gehéiert och Provokatioun" ... dir hutt ganz gutt verstaanen waat ech mengen
Edit:
ech hun dëst elo un jidfereen hei op PG geschriwwen an guer nët speziell un d'Admins
(soss hätt ech ët hinnen per PN geschriwwen)
Gennaro, daat soot ech jo
--> "nët wéinst der Foto selwer, mee wéinst der Provokatioun (par rapport zu PG), ouni déi een eventuell nach vun Konscht kéint schwätzen"
ët kann och sin, dass ech mech ieren (wéi esou oft!! daat ass och elo nët auszeschléissen ...) an daat bedéngt duerch (m)eng falsch Interpretatioun vun sengen "Kommentar vum Fotograf" an vun sengen Komments allgemeng ... ech hun ët als Provokatioun un PG gesin ...
Eng foto ass Subjektivisatioun... Jidderen ken soen waat hien wellt ... d'interpretatioun ass nach emmer perseinlech (ausser an der Schoul... do muss jidderen den Kirkegard oder den Goethe op der selweschter art an weis interpreteieren...
Naja Gennaro .. ech froen mech ob's de ët nach ëmmer géifs so cool fannen an ët der sou gudd géif gefaalen, wann ët déi Photographie géif provozéieren, déi's du sou gaeren mëss an dir Spass mëcht. Dat do ass just gutt, fir denen Léit déi héi gaeren flott Naturbiller weisen d'Flëmm anzedreiwwen. Wann's du dat gutt fënns ...
Déi Zäit wou héi nach Biller aktivéiert ginn sinn war den Niveau weinstens nach méi heich an sou Saachen wéi dat do wieren guer net gewissen ginn.
Dat héi war emol een flotten Site, mais ët gët ëmmer Manner .. ech hoffen dass den Comité mol endlech rëm erwäscht an esou Toppeschkeeten einfach läscht.
Héi geet ët dach nët méi ëm den Spass un der Photographie mais drëmms déi anner Schéissen ze doën wëll den egalwaat sëlwer wahrscheinlech keng anstänneg Biller hinkritt an dofir aus Neid denen anneren wëll eng Auswëschen.
Sorry, mais ass dat wierklech däin Verständnis vun Konscht ?
Schluck... d'Provokatioun , egal an waat fir eng Form (awer emmer Friddlech) ass emmer eng gudd Saach... Weeste wou jidderen HDR gemeet huet ... op emool huet de Shanti opgehaalen elei eropzelueden, ...
Weeste dei Foto vum Egalwaat ... ass schlisslech guer net egal waat... Se ass Kommunikativ an Creativ opgebaut... Sie huet nix geint Animalier Fotografen ... mé villeicht geint en iwerdriwenen Dokumentarismus wou vill Arbescht gefroot ass mé weinesch Creativiteit... ausser bei deenen beschten ... wou d'Natur och extrem flott an artistesch duergestallt get (dei lescht vum Ornitho zB)
Weeste ... mir ass et egal op een meng Fotoen net gaeren huet ... mé kloer hun ech et gaeren wannse gefaalen... an wannste mool gudd kucks... ech eviteieiren fotoen eropzelueden dei sech zefill gelichen well se WF gin sin... Et sin der vill dei de site elei fir en Facebook 2 geholl hun...
Gef net rosen an spill einfach mat.... wann et eng Qualit provokatioun ass an net eng Hooliganesch
1124 Klicks bis elo
Se huet een wahnsinnege Succès!!! D'Wochefoto huet grad emol d'Halschent un Klicks. Also, WTF???
Soit... Wat dem Shantideva seng genau Absicht war fir keng Fotoen méi ze weisen, dat ass nach ëmmer kengem richteg bekannt. Och elo ginn just nach ganz sielen mol déi Eng oder Aner Foto op Flickr eropgelueden well ech den Link brauch (an soss op guer keen aneren Site). Fir wat wuel lued eng Persoun, déi leidenschaftlech gären Fotoen mécht, seng Fotoen net méi op d'Internet? Kann et sinn dass déi Persoun einfach eppes net méi brauch an no Anerem strieft am Liewen? An sou, d'Fotografie am Schiet vun aneren Ziler einfach deen Stellewäert elo huet den se tatsächlech nëmmen nach "kann" an "dierf" hunn well just dat Sënn mécht... at the end of the day... ?
Awer schlussendlech ass des "Provokatioun" jo net kontraproduktiv, am Géigendeel, wéi ech feststellen kann. Awer wéi wichteg ass et dann och??? Just sou wichteg wéi een et fir sech selwer mécht....
Wou's du dann lo hei dei egen Créativitéit vum Egalwaat héi gesäis Gennaro, dat ass mir een Rätsel .. souguer d'Idee fir d'Bild ass vum Pixelman kopéiert (den säin Account schengt geläscht ze hunn), d'Bild aus enger Zeitung .. vläicht d'Obmolen vum Pfeil ?
Den Egalwaat ass jo bestëmmt een zweet Account vun engem anneren héi um Site, firwaat kann heen dann nët seng Mehnung ënnert sengem richtegen Account ausdrécken anstatt sech wéi een Feigling ze verstoppen ?
Wann ech d'Kommentaren bei der héi Foto
Groreiherporträt
richteg interprétéieren sinn och nach anner Léit der Mehnung das dat do just Provokatioun vun Néider ass, souguer déi vun denen Beschten.
Firwat sollt ech rosen sinn, nee, bien au contraire, ech fannen ët absolut witzech an onwahrscheinlech lächerlech wat héi verschidden Léit sech Méi machen an een Zirkus obféieren, nëmmen wëll se bis elo mat hierer Photographie nët weider kommen an nët déi gewënschten Obmierksamkeet kréien.
Dofir wëllen se dann och denen anneren déi Spass hunn hier Freet huelen an se faerdeg machen. Ech fannen dat armséileg an feig.
Mais bon, dat ass een jo sou lues gewinnt héi ass ob allen Fall eng gutt Saach fir driwwer ze laachen wann mer am Tarnzelt ob déi flott Naturmomenter waarden.
Schluck du hues recht!!! Mee mengste hai op photogen waer et wichtesch opzefaalen... Ech mengen et huet mech nach keen iwert pg eppes offreiert (villeicht well ech net verdengen) ...