Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gudden Appetit

 
All Fotoen an dëser Serie:
40995 Thumbnail
40996 Thumbnail
40997 Thumbnail
40998 Thumbnail
Gudden Appetit
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.06.2014
  • Gekuckt:
    16902
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
    2014:06:05 18:45
  • Fotoapparat:
    Canon
  • Objektiv:
    Tamron SP 150-600mm
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78936]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Serie wou ech net richteg woust ob ech se sollt hei weisen. Ech hun den Meinden een Strapp drun remgebastelt an sin awer net richteg zefridden mam Resultat.
D' Fotoen sin bessen mei speit Owes gemeet gin wei d'Sonn schons relativ deiw stung.
D'Ziel war Vullen mat der Spigelung mei flott an d'Zeen ze setzen.
Elo froen ech mech awer ob dat net e bessen ze vill Spigelung an ze grell ass an wei ech dat mei douce hätt kennen riwer brengen ?
Paul-H 11.06.2014 - 20:17
Ech fannen se a sech ganz schéin sou mee d'Spigelungen sen wirklech net sou daat. Net wéinst der Beliichtung oder well et ze grell ass, mee d'Waasser ass einfach ze onroueg. Allerdings ass et och net einfach rouegt Waasser ronderem sou Véih ze hun....

Hei war et e bessen besser gaangen, mee dofir war déi hennescht net schaarf...., et ass wéi beim Keelenspill: Du kriss net emmer allen 9 smile
Schwanen an Inten
Jean-Marie 12.06.2014 - 10:00
Merci Paul, den Gaga huet mer jo elo mol den Typ mam Polfilter gin ech machen mech do elo mol schlau, mee bei mengem Objektiv wert dat net esou evident sin.
Gaga 12.06.2014 - 09:34
Probeier mol un dengem Bildopbau ze schaffen JM.
t'Waasserreflexioune kriss de mat engem Polfilter an de Grëff.
Jean-Marie 12.06.2014 - 09:56
Merci Gaga
Ech hun deng Remark betreff "Bildobbau" och bei der aner Foto gesin.
Wei gings du den Obbau machen ?
Ech hun elo emmer probeiert d'Aen vum Haptmotiv am iwechten Drettel ob den Kreizpunkt oder weinstens an d'Geigend vun dem Punkt ze kreien ouni den Sujet zevill anze-engen.
Fir dass den Objet dann net flatsch an der Mett ass misst ech manner croppen mee domat verklengeren ech dann d'Detailer vum Sujet ???
Mam Polfilter , do hat ech och schon drun geduecht mee bei engem 600ter Objektiv ass dat net evident fir deen jeweils richteg anzestellen mee ech kuken den Owend mol ob do eppes am Photoshop ze machen ass.
Gaga 12.06.2014 - 10:28
am PS get schweier, mais den Pol brauchs de nemmen 1x anzestellen wanns de net grat al Prise an eng aaner richtung mechs, an och dann geht dat mat e bessen Übung.
De Bildopbau as natierlech ememr relatif zu dem wats de wells weisen.
Deng Kadragen hei sin (menger Mehnung no) Lexikon Fotoen.
Keng Naturfoto dei e Gefill vun der Situatioun weisst (keen Entourage ze gesin, keng Stemmung am Bild)
Detailer sin net emmer dat wichtegst, ech geiff et flott fannen mei ronnderem ze gesin, den Full as den Eyecatcher, mais t'Aan soll nach aaner Sachen ze kucken hun, da kriss e Spannung an t'Bild an eben Stemmung.

zb :

Blässhung mat Nowues


Flamingos


Kanadagäns


oder de GEigendeel : vill Detailer a guer naischt ronnderem :

den MODELL MC110 ...
Jean-Marie 12.06.2014 - 10:58
Merci Gaga fir deng Erklärungen
Den Problem vum PolFilter um Tamron ass eischter deen , dass wann ech GeigenlichtBlend drop hun kommen ech net mei un den PolFilter unhappy
Mee ech kuken mol wei ech dat leisen keint.
Mat den Lexikons Fotoen hues de effektiv Recht, mir geht et un sech meeschtens drem den Sujet am Detail ze weisen.
Mir fehlt fleicht e bessen dei künstlerech Aproch mee dofir weisen ech jo meng Fotoen fir duerch konstruktiv Kritik eventuell kennen besser Fotoen ze machen.
Gaga 12.06.2014 - 11:32
kP, dofier sin m... dei mescht hei ... closed_eye

et gin e puer Tricker mam Pol Sonneblend ... kucken mol op ech dat Thema eremfannen.
Jean-Marie 14.06.2014 - 14:45
Hat elo bessen Gegoogelt also 95mm Filteren sin zimlech Rar an nawell net grad belleg, ech iwerleen mer dat dann awer nach
Jeanny 14.06.2014 - 06:12
konnt se e Mettwoch och beobachten wie se ze friesse kruten, leider feelt mir dat richteg Ojk. unhappy
Jean-Marie 14.06.2014 - 14:42
D'Haubien sin wirklech Muster Elteren smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 569 Gäscht online