Ech geiff der roden se an 2 Prisen ze machen fier t'Schlass an eng fier den Himmel.
Evtl och eng fier den Bësch ronnderem, wier flott wann deen e bessen Zeechnung hätt.
Fier t'Stären geng ech souguer 2-3 Beliichtungen huelen fier mei laang Strecher ze kreien an dann mat Lighten iwerteneen blenden.
Fannen fier iso200 rauscht se och vill, nee ?
Dat sinn schonn 3 Fotoen vir d'Schlass an 22 vir d'Stäeren, also 11min Beliichtungszäit am Total. Besch kann ech nach Zeechnung dran maachen, hunn déi raus geholl well se mier ze vill ofgelenkt huet. Sichen do mol no engem Mëttelwee. Mamm Rauschen... jo d'Kamera ass schonn 7 Joer al an war deemols och net dat rauschäermst um Marché... Deen Kampf hunn ech also schonn laang obginn.
Ech hat d'Schlass och nach méi däischter gemaach, mee dat huet iergendwéi zimlech onrealistesch ausgesinn am Verglach zu den Stäeren. Virun allem wann ech den Bësch dann och nach ophellen fäerten ech dat se ze flaach gëtt. Mengs de net?
Mais t'Schlass as jo iwerbeliicht, eng normal beliichten Nuetsopnahm wier t'Basis an dann de Recht fier den Himmel. Am Hannergrond geng ech nemmen minimal zeechnung dra machen nemmen e bessen struktur.
sorry fir mech ass se net gut
ganz vill rauschen am Himmel ann soss net scharf genuch ann ewei den Gaga soot net genuch Zeechnung am Besch
kann mer net virstellen dass do den TIFF gail ausgesait
als Idee:
https://500px.com/photo/54268500/startrails-of-castle-javier-by-ramil-vishnyakov
Rauschen am Himmel hunn ech jo schonn am Kommentar beim Gaga erkläert. Mat der Schäerft war effektiv en Problem, d'Schlass ass zwar schäerf mee d'Stäeren net, hunn ech awer réischt um Laptop gesinn. Den Bësch huet mëttlerweil bei mir och en bëssen Zeechnung dran, wéi virgeschlo.
Zum Thema Tiff... it's called exaggeration.
Ech wéilt d'Schlass wier hei och net beliicht geweescht, wéi an der Foto aus dem Link, dat hätt d'Saach vill méi einfach gemaach! Mee ech kennen hei am Land keen schéint Schlass wat net beliicht gëtt. :/