Deen Päiperléck gesäit an mengen Aan wéi een "Piper" oder eng Avionett aus, wou d'Hummel (?) den Pilot ass, mam Fallschierm un ..... )
Ok, Ok, .... meng Fantasie ass grouss, mee daat ass daat waat mir direkt angefall ass bei dësem Bild (ech waert zevill d'Biene Maja an menger Jugend gekuckt hun? ...)
Zur Foto selwer awer elo:
effektiv, bestëmmt selten, esou een Moment ze erwëschen, an dir ass ët gelongen, an zimlech gutt och Mikey, ......
d' "Avionett", den "Pilot" an déi "knubbeleg Landespist" sin mega schaarf gin (waat sëcher och nët einfach war)
!!!!! ...... TIP un d'Useren ..... !!!! (Tip deen iwregens fir all Foto hei um Site gülteg ass!!!)
Klickt an kuckt iech se mol am groussen un !!
.... déi Detailler ... einfach immens!! ... an do kommen d'Faarwen och vill besser am Kontrast eraus ...
(Just schued fir deen Schied op der Blumm, mee an deenen Konditiounen, ... même pas grave!)
Merci Miss JADE , bass voller Fantasie, kenns jo Kannerbicher schréiwen. Wär mol ni op d'idee komm fir en Flughafen doraus ze machen mat allem drun an dran. Schéin kommentiert (9) ))
Daat wier eng Idee!
Mach du d'Fotoen, an ech schreiwen dann dorops hin eng Geschicht ...
Merci fir deng Note, kënnt ganz spontan, wann d'Biller mech och bis dohin féieren (an meng Fantasie).
An se ass wierklech ganz gutt gin!