Jo, ech kennen déi Organisatioun, ech war viru kuerzem e ganz interessante Virtrag vum Willy Smits opt' Kockelscheier lauschteren, et ass ganz schrechlech wat mat den Orangs geschitt, an dat alles wengst dem Palmueleg
Merci fier d' Kommen op Kockelscheuer. Ech war och do; well meng Fra a meng Wéinegkeet hunn Orang Utan Help Letzebuerg gegrennt, nodem ech de Willie Smits eng Kéier am Fernseh gesinn hat. Mir sinn och op Facebook. E Samsdeg an e Sondeg si mir om Kreschtmaart am Hihof zu Echternach mat engem Info a Verkafstand
All Respekt, daat ass eng sënnvoll Initiativ, ech hun iech gelikt op FB, well daat Thema interesséiert mech wierklech. Mir hun eis da secher op der Kockelscheier gesinn, sutz mat menger Frëndin an da éischter Rei
an ech sinn de Paparazo, den e ganzen Zeit mam Fotoaparat remgesprongen ass. Hoffentlech hun ech net ze vill generft.
We vun Iech Zwee hat da gehollef bei der Stee fier d` Duch unzehaalen?
Dat war meng Frëndin, hat wollt onbedéngt an der éischter Rei sëtzen, leider war et vun do aus net dran anständegt Fotoen ze machen, ech erënneren mech un Dech, nee genervt hues de net, stungs jo ëmmer op der Säit mee soss war de Group dach BOS, huet dat nach ëpes mateneen de dinn, oder huet just de Numm geännert?
Bos as international. A wat méi Leit matenen schaffe,wat Chancen dass et mol Streit gëtt mei grouss sinn. An sou war et bei Bos Deitschland. Et war Streit ennertenen a mam Willie Smits. A well mir de Willie awer weider ennerstetze wellen, an a neischt welle kommen, hu mier decidéiert, eise Numm ze änneren. Da si mier och méi onofhängeg, a könne mache wéi mir wellen; an net wéi anerer wëllen. Mir schaffe mat Fans for Nature Deitschland an Éisteréich, Rettet den Regenwald E. V. zesummen. Awer jidferen vun denen as fréi a ka mache wéi d' Situatioun et verlangt