A jo, gefällt mer vill besser wéi di faarweg déis de kuerzäiteg eropgelueden haas, a wou ech net méi dozou komm wor ëpes ze schreiwen. Op all Plang get et ëpes aanescht ze kucken obschon et eigentlech ëmmer daat selwecht ass, "Illusions" wéi den Titel et seet. E Bild wou d'Aaen sech laang kënnen domat beschäftegen, Langweil huet een jiddenfalls net domat. Kritik iwer Kontraster, Groverlafaf asw kann ech keng Ausso machen wëll ech net genug dovun kännen, fir mech eng genial Foto
Merciiii ... super deng Analyse... Mee no menger Meenung ass eppes do waat net klappt an ech wees net waat!!! Siehste vill Lait dei kucken weinesch dei schreiwen... Dh et kommunizeiert net hai... Firwaat wuel???
ech denken et läit un der Inflatioun vun schlechten, manner gudden awer och gudden Fotoen, et huet een kaum nach Zäit se all ze kucken, respektiv ze analyséieren an dann och nach een fundéierten Kommentar ze schreiwen
Hmmm jo fannen ech och ... Mé dass et eng Inflatioun un Imagen gin ass jo eng Tatsaach... an et soll dozou stimuleiren eppes ze maachen waat net esou "commun " ass... Wann een daat net mecht dann stierwt photogfraphie, sie geet enner un der mass vun Biller dei produzeiert an publizeiert gin...
Mé wei kenn d'Photo frech erfonnt gin? Daatr muss elo net aise Problem sin , mé d'Fro get oft gestallt dei läscht Joeren
D'Foto muss net frësch erfonnt gin, d'Photographen mussen just motivéiert gin sech bessi méi ze gin fir anstännech Fotoen ze machen an och nëmmen déi Fotoen ze weisen déi si och selwer géingen bei sech dohem an der Stuff ophänken.
do sin ech mat dir d'accord... d'Foto erfennt sech net , daat ass richtesch, mé al dei technesch Erneierungen missten och hai an do mei Kreativ gebraucht gin... An wéiste de sees ... mé schweier géint den Konsumismus ze kaempfen... an gleef mir ... waat d'Foto méi ausser den sentier battu geet waat dei manner verstaanen get an dofir och net gekuckt...
op desem site get eng Volonté gudd ze maachen zB
Wat mech an vlait och anner geng interesseiren wier een "Making Of um PC" vun sou enger Foto emol ze gesin, zumols fir dei super Kontraster an verschidden Grotéin sou guud hinzekrein
Why...
..propper Tounwerter a praktesch déi gesamt Tounwertscala ausgenotzt
..gutt SW-Ëmsetzung
..e Bild mat groussem visuellen 'Volume'
..extremen Surrealismus
..eng architektonesch Symetrie, ..awer mat visuellem Desequiliber, an déi scho bal géigesätzlech Liichtreflexiounen suergen fir eng gewësse Spannung an Dramatik, a genau daat mecht hei fir mech de Reitz aus
Moin, Häer Taddei, hunn mol an Rouh d'Kommentaren duerchgelies, ann effektif, mech steiert och eppes op der Foto. Ett ass net BEA dei ass wei esou oft bei Iech Impec.
Ett ass een klengen Detail am Bildopbau deen mier opgefall ass. Ech hunn se mol am LR erofglueden ann se mol hinn ann hier gedreint. Wei ech se dunn horizontal gespiggelt hunn huet se mier viill besser gefall. Deen hellen Deel vumm Gebai ass dann lenks ann ett kuckt een dann lues noo riets. Esou wei elo bleiwt den Bleck am Himmel hänken, ann daat steiert. Ass daat waat den Gaga mech schon geleiert huet: ett liest een vunn lenks noo riets. Ann hei ass ett och esou. Probeiert daat mol, ann soot mier mol Äer Mehnung....
Kann et sinn dass et villäicht och stéiert dass een Dégradé am Himmel ass den net an der Spiggelung vum Himmel ass? Dat ass jo keen Vignettage well d'Façade net ofgedonkelt ass. Mech perséinlech stéiert dat, awer et ass bestëmmt net sou flagrant wann déi Ofdonklung net an Liesrichtung ass. Kéint et dat sinn?
Den Himmel deen sech do spiggelt JC, ass den Himmel vun daerer anaer Säit an net deen deenste do gesäis...
Et ass en komplext Bild an ech mengen et misst een et einfach vereinfachen.
Hun daat mam Vignettage net verstaanen
Et ass jo kloer dass den gespigelten Himmel d'Siicht vun där anerer Säit muss sinn. Et ass jo och an déi Richtung (aner Säit) wou den Himmel uewen méi donkel gëtt. Meng Fro war just konstruktiv gemengt. Et ass awer léif dass du mir erkläert hues wéi een Spigel funktionéiert.
Jo hai an do vergesst een daat evident ... an ech wollt jo secher sin dass daat net de Fall ass... Sin trozdem net vill Virun Komm... des Keier sin ech deen op der Leitung ass (oder plutot ... des Keier sin ech op de r Leitung an verstinn net waat du mir soen wells...
@Mickey Mouse
Jo et liest en vun Lenks no riets , awer et gin points de force et de tension , an de Feil vum hellen Dräieck zitt d'Attentioun no ennen an determineiert no menger (beim Horizontalen Flip) Ménung en Verloscht un Gleichgewicht.
Ech mengen et misst een d'Bild vereinfacehn (tant pis fir daat waat verluer geet) , an naemlech am Carré croppen an d'Extremiteieten eweichschneiden...