Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Landschaft um Polarkrees

 
Landschaft um Polarkrees
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.02.2015
  • Gekuckt:
    13052
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1400x438
  • Späicherplaz:
    342 KB
  • Originaldatum:
    2015:02:17 15:34:11
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82239]
Kommentar vum Fotograf:
a Finland, bei Rovaniemi
(wann ee klickt gëtt d'Bild e besse méi grouss)
Paul-H 28.02.2015 - 13:03
Schéin Michèle! Wars de matt op engem vun deenen Chartervolen ?
mischii 28.02.2015 - 13:24
Merci Paul.
Jo genau, mee ech hunn do uewen e puer Saachen op eege Fauscht gemaach, daat Ganzt waren e bessi zevill där Lëtzebuerger op een Trapp, an et war och e bessi ze kuerz, mee fir de Rescht interessant an net ze kaal, do haate mer Chance.
Paul-H 28.02.2015 - 13:29
War nach nie do, mee ech hun mat e puer vun eisen Crew'en geschwaat, déi waren all begeeschtert.
mischii 01.03.2015 - 09:41
Daat kann ech mir gutt viirstellen smile
Nicole 28.02.2015 - 17:27
esou Biller missten och können d'Emotiounen iriwerbrengen..... awer schéin
mischii 01.03.2015 - 09:35
merci Nicole,
eng éischt Emotioun, déi's Du Dir vläicht kanns viirstellen: -10C ouni Hänschen, de Schnéi flattert Dir an d'Gesiicht, an Du kriss mat de gefrourene Fanger kaum nach den Ausléiser vun der Kamera gedréckt closed_eye
fir de Rescht hunn di kleng Beemercherdéi sou bessen eenzel an där endloser Landschaft erëmstounge mir gutt gefall.
Dass ech um Polarkrees stoung, hunn ech eréischt doheem un de GPS-daten an den Exif vum Bild festgestallt, et war pueren Zoufall!
Nicole 01.03.2015 - 20:05
Minusgraden egal wou ass net menges, bewonneren dofier deng schéi Biller aus dene Géigenden bigsmile
MsJarryman 28.02.2015 - 21:50
Ass eng genial Landschaft, war's de och beim Kleeschen? smile
mischii 01.03.2015 - 09:40
Merci MsJarryman, nee , ech haat vun aanere Leit héiren, dass Santa Clausvillage just eng zimlech oninteressant a commerziell Touristefaal wier, an dun hun ech et viirgezunn an de Wildlife Park ze fueren fir mol arktesch Déieren an hierem natiirlechen Ëmfeld ze gesinn.
MsJarryman 01.03.2015 - 10:44
War secher déi richteg Entscheedung smile
jorsch 01.03.2015 - 20:10
Eng Landschaft ouni Ufank an ouni Enn. Schéin!
mischii 01.03.2015 - 22:16
genau sou hunn ech et ëmfonnt,
Merci Georges

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 524 Gäscht online