Hmmmm....., also éischtens, si kippt no riets.
Zweetens hues de e bessen vill un de Regler gedréit, déi giel Wolleken sin zimlech iwerdriwen a mir schengt och wéi wanns de daat rout nach kéins e bessen roof dréien.
Firwaat Blend 16 ?
Als eischt huest Du een puer fetter Sensorflecken am Himmel. Am Photoshop oder Lightroom oder engem aaneren Programm onbedingt ewechstemmpelen, sinn net schick Dringent Knips bei den Ck op Esch, Mirgain oder Fototrade feieren fier den Sensor ze botzen. kaascht just ca.35 Teuronen wierkt awer Wonner.
Ann der Mett ennen huest Du esou een komeschen Rechteck deen mei Kontrast huet ewei den Rescht. Keng Ahnung waats Du doo gemeet hues, schreiw mol mat waatfierengem Programm Du schaffs ann wei du Foto iwwerschafft hues.
Fier Main Gout ass Dain Waissoofglaich schlecht. Drein Temperatur em -10 ann Deng Teinung och em -10 eroof. Dann kriss Du mei natierlech Farwen drann. Deen starken Kontrast ass a.d.g., wann Dier daat esou gefällt ass ett gudd esou.
Daat matt dem kippen huet den Paul joo schon gemierkt.
Schreiw mol Deng eegen Mehnung iwwert Bild, weis't Du ett fenns, fier bessi iwwert Foto ze schwätzen, mier wessen joo net wei gudd daat's Du mat Pc an Programmer bescheed wees.
M.b.G. m-m
[...] fetter Sensorflecken am Himmel. Am Photoshop oder Lightroom oder engem aaneren Programm onbedingt ewechstemmpelen, sinn net schick closed_eye Dringent Knips bei den Ck op Esch, Mirgain oder Fototrade feieren fier den Sensor ze botzen. kaascht just ca.35 Teuronen wierkt awer Wonner.
Daat wärt ech machen. ups '
[...] Ann der Mett ennen huest Du esou een komeschen Rechteck deen mei Kon
Hoppla. Do hun ech vergiess Selektioun wegzehuelen. Ech schaffen mam Gimp. An hun do einfach ennert Colors => Auto => Equalize gemacht. Wei gesot Rechteck ... naja ...
Meng Meenung zum Bild:
Duerch Kommentarer vun Ierch, fallen mir puer negativ Punkten op dei mir virdrunner net opgefall sinn. Merci dofir Soss fannen ech esou Vue vun Bierger/ Koppen flott.
Ajoo, Foto ansech, oofgesinn vunn der Bearbechtung, ass net esou schlecht. Bessi manner Himmel wier gut. Schneid mol ennert den 2 iwechten Wolleken oof ann kuck mol dei 2 Versiounen..... Weieng besser gefällt muss Du sewer erausfannen. Just als Tipp: Horrizont NIE flatsch annt Mett setzen....
ganz schéin . a menger Kannerzéit war de Rattem 15 m méi héich, waat leider vir Minett ofbau erof geholl gouef..schéin Panorama hannen mam Zolverknapp. gefällt mer. bravo..tt