Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fréijoer

 
Fréijoer
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (07.03.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.03.2015
  • Gekuckt:
    13351
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x807
  • Späicherplaz:
    836 KB
  • Originaldatum:
    2015:02:20 10:23:36
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82327]
Kommentar vum Fotograf:
Ech weess net wat den Usträicher hei ugaangen ass, just di hënnescht Face vun dësem Gebai aus enger Industiezone esou faarweg unzesträichen. Si ass vu vir net ze gesinn an de Rescht vum Gebai ass éischter fade.
Villäicht huet en d'Fréijoer gespuert? :-)
2crazy 07.03.2015 - 13:54
Gefällt mir ganz gudd. Villeicht keinst du bei der Foto d'Regelen briechen an et mat engem weissen Himmel probeieren (Rhine ll z. B.). Kei villeicht och super wierken.
jorsch 07.03.2015 - 19:04
Merci 2crazy fir däi Kommentar an deng Iwwerleeungen.
Ech hunn elo dem Andreas Gursky seng Biller gekuckt a verstanen wat s de mat engem wäissen Himmel mengs. Ech hunn et och ausprobéiert, sinn awer net esou iwwerzeecht vum Resultat. D'Faarwe vun der Façade si schonns e bësse verblatzt an e blatzegen Himmel mécht dann net esou gutt ( fannen ech ). ( Schued datt ech d'Foto net bei die heiten eropluede kann fir ze vergläichen. )
Fir mech war dës Foto just eng Dokumentatioun, ech wollt nëmmen déi onwahrscheinlech Façade weisen.
Nicole 07.03.2015 - 15:39
...do fléien jo och nach Krukerten eriwer......d'Gebei gét vielleicht lanscht eng Autobunn an mecht esou Reklamm als Farbe-Buttik-Fabrik-Lager asw.......
flott gewisen...
jorsch 07.03.2015 - 19:06
Merci Nicole fir däi Kommentar.
D'Krukerten hunn ech dohem eréischt entdeckt.
Déi Face gesäit een wierklech bal net vun der Strooss. Ech mengen den Usträicher hat hei fräi Hand! smile
2crazy 07.03.2015 - 19:11
Hàtt mech interesseiertze gesinnclosed_eye
jorsch 07.03.2015 - 19:24
OK, da lueden ech se mol erop an ersetzen se. smile

Si huet och eppes ... ech fänken un ze zweifelen. smile
2crazy 07.03.2015 - 20:08
Ech fanne, sou wierken d'Faawen vun der Facade méi knalleg. An dat verwäscht vum Ustrach kennt besser raus. Fannen ëch closed_eye
jorsch 08.03.2015 - 19:50
Do hues de Recht, déi éischt Versioun gefält mer wéinst dem bessere Faarfkontrast trotzdem liicht besser.
Merci awer fir deng Iddi, huet Spaass gemaach et auszeprobéieren!
mischii 07.03.2015 - 23:28
fir mech passt di éischt Versioun besser.
an deen di Säit konnt usträichen, huet sech bestëmmt och gefreet smile
hoffentlech kann e geschwënn e bessi nei Faarf driwwer maachen!
Lo misst Du mol probéiren Deng zweet Versioun mam Andreas Gursky senge Präisser ze verkaafen bigsmile
jorsch 08.03.2015 - 19:43
Merci fir de Kommentar, mischii.
Nei Faarf géif der Façade guttdoen awer fir d'Foto gefält mir déi verwäsche Patine ganz gutt.
Déi éischt Versioun ass méi frou, méi Ouschter-méisseg.
Verkafen? Ech kéint jo soen, et wier en echte Gursky: Eng nach net bekannte Foto aus der Serie Rhine II mat engem ale Containerschëff drop. Méngs de dat kéint klappen? smile
MsJarryman 07.03.2015 - 23:53
Mir perséinlech gefällt déi éischt Versioun besser, mee daat ass AdG smile
jorsch 08.03.2015 - 19:44
Merci MsJarryman.
Ech fannen di éischt och liicht besser, awer et war spannend dem 2crazy seng Iddi auszeprobéieren.
Conley 08.03.2015 - 11:41
Dem Andreas Gursky seng Biller kennen ech och schonn eng Zäit. An deng eicht Versioun gefält mir och besser well se Faarflech an duerch Kontraster méi harmonesch ass!!
jorsch 08.03.2015 - 19:48
Merci Conley.
Den 2crazy huet den Andreas Gursky an d'Spill bruecht, ech hat hei am Fong keng kreativ Ambitiounen, ech wollt just déi Façade dokumentéieren.
Ech war awer frou fir seng Iddi an et huet Spaass gemaach, déi zwou Versiounen ze vergläichen. Fir mech ass déi éischt och liicht besser.
Maimonides 08.03.2015 - 21:36
Ma wéi cool ass di do dann, jorsch !

Di al Versioun gefällt mir besser.
jorsch 09.03.2015 - 16:03
Merci Maimonides.
Den Architecte, mengen ech, muss een hei net ernimmen, mä den Usträicher wier méi interessant. smile
Maimonides 09.03.2015 - 20:58
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 468 Gäscht online