Dain Problem mam Schied ennert den Aen kriss de am einfachsten mat engem Reflektor geléist. Do gin et gënschteger vun Delamax oder sou vun Amazon z.b.
Alles wats de misst maachen ass d'Sonneliicht daat z.b. vun lénks uewen kënnt, riets ennen mam Reflektor ze erwëschen an et zereck op dai Model strahlen, sou wi mat engem Spigel. Wanns de en waissen Reflektor hëlls, da kriss de och en natirlecht Liicht eraus. Wanns de wells en absoluten Budget Model hun, kukk mol am Hela oder Batiself oder Konsorten no enger einfacher Styropor-Plakk déi een hëllt fier un de Plafong oder un d'Mauer ze pechen. Di kaschten just e puer Euro an sin fier sou kleng Sachen eigentlech gudd ze gebrauchen... gin awer eben mat der Zait och futti
Schick Foto awer, gefällt och trotz dem Schied Flott geschafft och mat der Blend!
Et gesait een un den EXIFen dass de déi um 13:23 gemach hues. Do stung d'Sonn zimlech heich an domat kriss de ganz oft ganz haart Schieter (wéi eben ennert den Aaen). Déi Zait ass eigentlech zimlech schwiereg fier do Schieter ze vermeiden. Méi einfach gett et z.b. 3 Stonnen mi speit, oder eben 3 Stonnen éischter Mol nach sou als Tipp. Do muss de dann net emmer geint d'Schieter ukämpfen. En liicht bedeckten Himmel mecht d'Schieter och mi douce, dat kann och alt mol hëllefen
Déi bäschten Zäit vir Portraiten (oder soss eppes) dobaussen ze knipsen ass un sech 1-2h no Sonnenobgang oder virun Sonnenënnergang. Du hues de en schéint waarmt Liicht wat zimlech flaach fält an domadder enormen Spillraum gëtt.