d'Schäerft mécht do vill aus bei engem Matzéier
ech praktizéieren dat zimmlech regelmässeg an d'Erfollegsquot läit bei nëmmen e puer Prozent trotz exercice
Ass jo och daat waat de Fränk proposéiert. An daat mat der Blend an der Hannergrondschärft liicht mer lo natirlech och an, hun mol net sou wäit geduecht. Och Dir e groussen Merci.
dat hänkt awer ganz dovunner of wat's du"'matzitt's "
am allgemengen solls de dech der Vitesse vum 'Sujet' eng Grimmel upassen: eng 30tel, eng 50tel sin do oft méi adapteert, awer evidenterweis ass den Offall méi grouss,
Ech maachen immens vill Matzeiher ann den Dreih elo eraus. Meng Erfahrung ass:
Ongeübt mat max. 1/100 egal ewi lues den Sujet ass. Ereicht wann een Gefill kritt 1/80 oder 1/50. Ech perseinlech schaffen net mat der Vitesse Regel, awer passen meng Zait der Brennwait unn. Steht zwar ann kengem Tutorial, ass awer eng Gefillssaach dei ech mat der Zait kritt hunn.....
Den Sujet ass nemmen dann 100% schäerf wann deen 90 Grad zur Lens ass, soss huet een hannen oder fier Bewegungsonschäerft.
Wann den Velo also nach entgeint kennt mecht ett nach net vill Senn een Matzeiher ze maachen. Doweinst ass dei 3. Foto hei gudd ginn awer dei aaner, menger Mehnung noo, net esou gudd.
Moin Paul,
Deng 1. Versich sinn guer net mol esou schlecht, awer Deng Verschlusszaiten bei 50 mm sinn vill ze laang. Waat Brennwait mei grouss ass, waat Verschlusszait meih laang kann sinn.
Bei 50 mm kanns Du roueg eng Verschlusszait bei ca. 1/120 sek probeieren. Mat vill übung evt 1/60. Doo ass den Hannergrond nach genuch verwescht ann Dain Motif gett vill mei schäerf.
Kuck z.B.:MATCHBOX
dei 3. ass alledings gudd ginn.
Stell Serienfotoen (Esou schnell ewei meiglech) ann maach direckt 4 Fotoen beieneen, doo ass meeschtens dei ann der Mett gudd, well denn Fotoapparat verzitt emmer bessi noo ennen beim Ausleiser drecken, ann no uewen beim lassloosen.
Stell Dain Focuspkt op eng Plaatz ann mat Focusweiterführung (am Menü eraussiichen) ann haal deen Pkt emmer op der selwechter Plaatz. zb. den Reckspiggel beim Auto,Motorrad oder den Helm vumm Coureur.
Fir den Rescht übenübenüben, am beschten stell Dech bei Stroos ann fotogafeier einfach Autoen einfach esou fier Deng Astellungen ze testen. Dann klappt daat.....
Villmols Merci Fränk. Ech haat zimlech spontan décidéiert den TdL ze knipsen well en mol rem duerch eist Duerf gefuer ass an hun virdrun "en vitesse" e puer Tips gelies. Déi soen all baal daat waats Du och sees an ech hun et och sou gemaach. Inklusiv schnellem Serienmodus, mee daat war mir virdrun schon kloer.
Waat ech lo awer réischt hei vun Dir gewuer gin sin ass daat mat der Vitesse a Brennwäit. Daat wärt ech dann mol nach üben an dann waarden mer op den "Ironman". Deen kennt och hei duerch d'Duerf.
Merci nach eng Kéier.