1600 iso hin oder hier, wonnerschéin Autoen an gutt fotograféiert... ausser, eng kleng Kritik, mais daat ass och bestemmt affaire de gout, ech hätt verschiddener waat d'Ausrichtung ugeet e bessen richt gedréit (geet jo ganz einfach an Piccasa) mais soss gefällt mir deng Serie ganz gut
Jo merci, ech hat och probéiert se 'méi riicht' ze setzen, mee do get lenks an riets zevill Bildmaterial verluer an dann gin se ugeschnidden. Den Problem op der Platz selwer war och, dat et enk war an rondrem d'Autoen rem aner Autoen stoungen. Merci fir deng Kritik.
Den 57er Buick Caballero hardtop estate ass den absoluten highlight vun dëser interessanter Serie! Bei Hemmings war én ze verkaafen ugangs dëst Joer fir 125.000 $...