Et war en Experiment:
Ech wollt probéieren, den absolute Minimum ze benotzen fir d'Stëmmung vun engem verschneite Wee am Bësch erëmzeginn.
Problematesch ass et awer fir ze wëssen, ob di puer Elementer duerginn fir d'Bild ze verstoen, fir sech erëmzefannen.
Oder: Wou ass d'Grenz, wou d'Abstraktioun onverständlech gëtt a kee Sënn méi mecht? Mee villäicht ass déi Grenz ganz subjektiv, fir jiddereen aanescht.
ah jo kloer ass d'Subjektiviteit net eng Rigid Definitioun...
Eng dérealisatioun ass super , d'abstraktioun ass och fantastesch... mé et waer dann mei approprieiert an enger mini-Serie... dei den ganzen Konzept besser geif zu geltung brengen...
Ewei et eriwer kennt ass jo manifest waanste d'Komments liest... Et ass jo gudd dasste deng perseinlechkeet an denger Bille brengst .. mé an denger platz geif ech awer villeicht progressiv an eng destrukturatioun vum Bild erfier goen ... esou ass dé-réalisatioun mei verstandlech...
Et ass jo net dass et net gefaellt ... et ass eng Diskussioun
Du hues Recht: D'Abstraktioun kann nëmmen d'Resutat vun engem laange Wee sinn, soss ass se net credibel.
Ech wollt hei just eppes ausprobéieren, ouni Pretentiounen.
Villmools Merci, Maimonides, fir däi flotte Kommentar an däi Fav.
Et freet mech wanns du mat dësem Bild eppes ufänke kanns an wann dat Bëssen deng Fantasi ureegt.
( Kuck och meng Äntwert beim gtaddei1. )