Exzellent Serie Estragon, flott emol color a bw niewt enaner ze setzen, déi 1. ass besonnesch gutt an déi 2 gefällt mir och, déi aner 2 wierke nët grad esou natirlech, sin awer absolut derwäert ze weisen.
Villmols merci fier äeren Feedback! Perséinlech géing ech soen dass mer bei däer horizontaler di fuarweg besser gefällt, bei däer vertikaler di schwarz-wäiss.
Wat sin äer Meenungen?
Op der 4. hätt ech bei der SW-Konversioun selektiv déi roud Faarw e bësse méi hell gemacht an och d'Aen selektiv mat de Levels eng Grimmel opgehellt, awer nët zevill fir datt et stëmmeg bleiwt.
ganz flott atmosphaeren ... mé den drock vun den Fangeren um Gesiit ass ze heftesch... d'Gesit sollt net deformeiert gin... well et un Grace dourno verleiert ... d'Hand ass zefill present dowengst... Bei Foto 1 do waer et villeicht besser gewiecht dass sie eng Grez no ennen gekuckt haett,,, well esou seng Aan mei Geltung komm waeren