Kommentar vum Fotograf:
Eng Suggestioun fir nom Grillen als Dessert:
Eisekuche mat enger Erdbier-Rhubarbs-Zopp.
Di Zopp mécht een esou: Rhubarb an Erdbier am Verhältnis 1:1 mat Gelierzocker am Rapport vun der Halschent vum Gewiicht vum "Geméis" gudd durchréieren réieren an eng gudd Stënnchen zéihe loosse, bis d'Mëschung genuch Saaft gezunn ass. Duerno dat Ganzt mat e bësse Vanill an engem Stär Anäis eng gudd 10 Minutte mëttelstark opkachen, ofkille loossen a servéieren. Fir Hardcorefans kann een och nach ee Schotz Framboisedrëpp dra maachen. ;-) Muss een awer nët.